Christian Doppler
De Christian Doppler, gebuer den 29. November 1803 zu Salzburg, a gestuerwen de 17. Mäerz 1853 zu Venedeg, war en éisträichesche Mathematiker a Physiker an den Entdecker vum sougenannten Doppler-Effekt.
Christian Doppler | |
---|---|
Gebuer |
29. November 1803 Salzburg |
Gestuerwen |
17. Mäerz 1853 Venedeg |
Nationalitéit | Keesertum Éisträich |
Educatioun |
Technesch Universitéit Wien, Universitéit Wien |
Aktivitéit | Mathematiker, Physiker, Akademiker, Astronom, Pedagog, Professer |
Den éischter bescheidenen Doppler sollt Geschäftsmann ginn awer seng grouss mathematesch Kapazitéite sinn dem Astronom Simon Stampfer opgefall. Sou koum et datt en um polytechneschen Institut zu Wien studéiert huet an do duerno 1848 Physiksprofesser gouf.
An enger Monographie déi hien 1842 bei der Kinneklech-Béimescher Wëssenschaftsakademie publizéiert huet, huet hien dee Phenomeen duerch deen hie bekannt gouf beschriwwen an explizéiert, d. h. datt Schallwelle sech kompriméieren, wann d'Quell vum Kaméidi méi no kënnt, an datt se sech auserneenzéie wann d'Quell sech ewechbeweegt. De Physiker huet och bewisen datt dee Phenomeen sech net nëmmen op d'Schallwelle bezitt, mä och op d'Liicht an op d'Radiowellen.
Dräi Joer méi spéit huet den Hollänner Christoph Buys Ballot an der Gare zu Utrecht de Phenomeen confirméiert, andeems en Trompettisten op engem Eisebunnswaggon, dee mat ënnerschiddleche Vitessen hin an hier gefuer ass, permanent déi selwecht Nout spille gelooss huet. Um Quai stounge Museker déi fir hiert gutt Ouer bekannt waren, an déi ware séier dovun iwwerzeegt datt den Toun méi héich géif wann de Waggon méi no kënnt, a méi déif wann e vun der Plaz fortfiert.[1]
Sechs Joer duerno huet den Hippolyte Fizeau onofhängeg vum Doppler senger Entdeckung déi selwecht Observatioun bei den elektromagnéitesche Welle gemaach. Dofir gëtt och bei sou Wellen dacks den Ausdrock Doppler-Fiseau-Effekt gebraucht.
Wierker
änneren- Abhandlungen. Leipzig: Engelmann, 1907
- Schriften aus der Frühzeit der Astrophysik. Frankfurt/M.: Deutschmann, 2000. (Repr. d. Ausg. Leipzig 1907) ISBN 3-8171-3161-5
- Über das farbige Licht der Doppelsterne und einiger anderer Gestirne des Himmels. Prag: Böhmische Gesellschaft der Wissenschaften, 1842
- Über eine wesentliche Verbesserung der katoptrischen Mikroskope. Prag: Borrosch & André, 1845
Um Spaweck
ännerenCommons: Christian Doppler – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ L'industrialisation du monde; Le XIXe siécle, Tome 1, Säit 40