Christian Bourkel

lëtzebuergesche Schrëftsteller, Journalist, Antiquaire a Brocateur


De Christian Bourkel, gebuer den 30. Mäerz 1956 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Schrëftsteller, Journalist, Antiquaire a Brocanteur.

Christian Bourkel
De Christian Bourkel (2017)
Gebuer 30. Mäerz 1956
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist

Hien huet vun 1974 bis 1975 zu Lëtzebuerg déi zweesproocheg, däitsch-franséisch, Literaturzäitschrëft Proscenium erausginn an där hien och eegen Artikelen a Gedichter publizéiert huet.

Vun 1975 bis 1980 huet hien zu Paräis op der Sorbonne Konschtgeschicht studéiert, a mat enger Maîtrise ofgeschloss. Vun 1980 bis 1981 huet hien op der ESJ vu Paräis weiderstudéiert.

Nodeem hie 25 Joer zu Paräis gelieft an als Journalist geschafft hat, ass de Christian Bourkel an d'Normandie geplënnert, wou hien zu Breteuil-sur-Iton am Departement Eure vun 2000 bis 2004 en Antiquitéitebuttek hat. Zanter 2004 schafft en als Antiquaire a Brocanteur zu Crossac, an der Loire-Atlantique.

Publikatiounen (Auswiel) änneren

Bicher änneren

  • Brandy, R., Freising, Claude, Sorrente, Jean, & Bourkel, Christian, [Préf.: Christian Bourkel] (1977). Brandy Peintures 1976-77. Luxembourg-Bonnevoie: [chez l'auteur],

Gedichter änneren

  • Bourkel, C. (1973). Plus noirs. Nouvelle Europe: Art - Littérature - Sciences, Nouvelle Europe: art - littérature - sciences Année 2 (1973), no 6, p. 22.
  • Bourkel, C. (1974). Rêve. Proscenium, Proscenium No 1 (juin 1974), p. 8.
  • Bourkel, C. (1974). Nudités. Proscenium, Proscenium No 2 (déc. 1974), p. 13.

Kuckt och änneren