École supérieure de journalisme de Paris

D'École supérieure de journalisme de Paris ass déi eelst Journalistenhéichschoul op der Welt[Source?]. Si bilt Journaliste fir all Medien aus, geschriwwe Press, Radio, Televisioun an Internet.

D'Schoul gouf 1899 gegrënnt, a si bilt Journalisten an engem Zyklus vun dräi Joer aus. D'Léierpersonal ënner der Direktioun vum Pierre Emmanuel Richard, besteet haaptsächlech aus professionelle Journalisten.

D'Studente ginn opgeholl wa se e Bac bis Bac +3 hunn, op Basis vu Krittären, wéi z. B. Motivatioun, d'Potential vun der Entwécklung, an Allgemengwëssen.

D'ESJ-Paris ass vum franséische Staat unerkannt, a beim Ofschloss huet de Student en Diplom vun der Classe II certifiéiert vun der CNCP vum Ministère de l'Enseignement supérieur et de la Recherche.

D'ESJ gëtt et nach zu Agde (ESJ Méditerranée, pôle technique radio), an der Belsch (ESJ Bruxelles, cursus classique) an zanter 2008 a Marokko zu Casablanca.

Bekannt Journalisten déi Student op der ESJ waren änneren

International Partner änneren

Um Spaweck änneren