Christian Bauer (Architekt)

Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Architekt Christian Bauer. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Christian Bauer.

De Christian Bauer, gebuer de 16. Februar 1947 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Architekt.

Christian Bauer
Gebuer 16. Februar 1947
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Architekt

Hien huet op der ETH zu Zürich studéiert an duerno, 1975 fir d'éischt op der Helfenter Bréck, duerno um Briddel bis 2005, an zanterhier an der Stad säi Büro. Hien ass mat dem Norbert Müller, dem Louis-Edmond Nicolas, dem Michael Feisthauer an der Sala Makumbundu associéiert (CBA Architects).

Vun him sinn d'Pläng vun ë. a. dem Ausbau vum Centre universitaire de Luxembourg (1993), der Europaschoul um Kierchbierg (1999), d'Kulturfabrik vun Esch-Uelzecht (1999, mam Jim Clemes), d'Société européenne des satellites zu Betzder (1999), de Lëtzebuerger Pavillon vun der Expo 2000 vun Hannover, d'Restrukturatioun vum Musée national d'histoire et d'art um Fëschmaart an der Stad Lëtzebuerg (2002) an, zesumme mam Christian de Portzamparc, der Philharmonie (2005) an der Zentralbank vu Lëtzebuerg an der Avenue Monterey.

2004 krut hien de Prix de l'Architecture

Literatur änneren

  • Meyer, Ulf, 2010: CBA Christian Bauer, mat Fotoe vum Lukas Roth, Portfolio, Jovis Verlag, Berlin. 160 Säiten. ISBN 978 3 86859 036 4.

Um Spaweck änneren