Félix Adolphe Chomé

belsche Mathematiker
(Virugeleet vu(n) Chomé Félix Adolph)

De Félix Adolphe Léon Chomé (Félix genannt), gebuer de 26. Juni 1852 zu Veurne (B)[1] a gestuerwen den 8. Abrëll 1920 zu Ixelles (B)[2] war e belsche Mathematiker.

Félix Adolphe Chomé
Gebuer 26. Juni 1852
Veurne
Gestuerwen 8. Abrëll 1920
Ixelles
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Offizéier, Professer, Mathematiker
Famill
Kanner Félix Chomé

De Félix Chomé huet zu Bréissel op der École militaire studéiert, wou hien 1871 säin Ofschlossexame gemaach huet. Seng militäresch Karriär huet hien als Kapitän vum État major du génie an als Professer op der École militaire ofgeschloss.[3]

De Mathematiker

änneren

Op der École militaire huet de Félix Chomé Mathematik a besonnesch Géométrie descriptive enseignéiert. Als Mathematiker ass hie bekannt als den Auteur vum Buch Cours de géométrie descriptive de l'École militaire, vun deem tëscht 1886 an 1912 fënnef Editiounen erauskoumen.

D'Famill

änneren

De Félix Chomé huet sech den 3. August 1882 an der Stad Lëtzebuerg mat der do 1855 gebuerener Marie Anne Caroline Victoire Mongenast bestuet.[4] Hie war de Fils vum 1818 zu Wäiswampech gebuerene Camille Victor Chomé, dem Brudder vum Joseph Chomé[5], an domat den Urenkel vum Pierre François Chomé. Hie war sengersäits de Papp vum Industrielle Félix Chomé (1888-1972).

Referenzen

änneren
  1. (fr)Généalogie de Félix Adolph Léon Chomé,. Geneanet. Gekuckt de(n) 22.11.2024. — Op Luxroots steet "Torhout (B)" (www.luxroots.org, gekuckt: 23.11.2024) aplaz "Veurne" bzw. "Furnes" (franséisch). Am Acte de mariage steet "Furnes" (Kuck: D'Famill). Am Gebuertsakt vu Veurne steet "felix adolphe Leon" an als Familljennumm "Chaumé"; eng Randnotiz vun 1872 mecht doraus "Chomé" (AGATHA, The online search environment of the State Archives of Belgium. Civil status registers. Baptisms/Births. Actes mélangés Veurne/Furnes (1848-1855), Année 1852, N° 205 (p. 596).
  2. L'Indépendance luxembourgeoise, 50. Jg., nº 105 (14.04.1920), p. 4 (Avis mortuaire).
  3. Mort du mathématicien Félix Chômé. In: L'Indépendance luxembourgeoise, 50. Jg., nº 104 (13.04.1920), p. 1. — Mort de M. Félix Chômé. L'Indépendance luxembourgeoise, 50. Jg., nº 105 (14.04.1920), p. 2.
  4. (fr)Généalogie de Marie Anne Caroline Victoire Mongenast,. Geneanet. Gekuckt de(n) 22.11.2024. — ANLux CT-03-02-0882, Mariages Luxembourg, 1881-1884 (mariage 1882, N° 66).
  5. (fr)Généalogie de Camilius Victor Chomé. Geneanet. Gekuckt de(n) 22.11.2024.