De Joseph Ignace Chomé, gebuer de 17. Februar 1812 zu Emmerich (deemools a Preisen)[1] an un engem Schlag[2] gestuerwen den 20. Mäerz 1865 an der Stad Lëtzebuerg[3], war e lëtzebuergeschen Distriktskommissär a Member vum Rechnungshaff.

Joseph Chomé
Gebuertsnumm Joseph Ignace Chomé
Gebuer 17. Februar 1812
Emmerich
Gestuerwen 20. Mäerz 1865
Lëtzebuerg
Famill
Bestuet mat Catherine Wolster
Kanner Jules Chomé

De Joseph Ignace Chomé, dee Joseph bzw. Jos genannt gouf[4], huet sech de 15. Juli 1834 zu Ettelbréck mat der Catherine Wolster[5] bestuet. Als Beruff steet am Akt: Geschäftsmann.[1] Laut dem Joseph Flies wier hien allerdéngs scho vum 17. Mee 1834 u Gemengesekretär zu Ettelbréck gewiescht.[6] De 27. November 1842 ass hien Distriktskommissär par intérim zu Gréiwemaacher ginn.[7],[8] Seng definitiv Nominatioun als Distriktskommissär krut de Chomé den 18. Dezember 1849.[9] De 6. Juni 1854 gouf hie Sekretär vum Rechnungshaff (Chambre des comptes).[10],[8]

De Joseph Chomé war de Fils vum Pierre François Chomé, de Papp vum Jules Chomé[11] an de Schwéierpapp vum François Reuter.

Referenzen

änneren
  1. 1,0 1,1 Archives nationales de Luxembourg (ANLux), CT-02-02-00565 Mariages Ettelbruck, 1830-1834, Akt Nr. 15 vum Joer 1834. – Am Akt steet als Gebuertsuert "Emmerich, Provinz Ober Rhein in Preußen". Op Luxroots steet "Emmeroth" (www.luxroots.org, gekuckt: 19.11.2024), dat leit awer am Honsréck an net um Rhäin. Am Stierfakt steet "Emmerich". An do ass den Ignatius Josephus Chomé den 18. Februar 1812 an der Sankt-Aldegundis-Kierch (kathoulesch) gedeeft ginn (Geneanet, Familysearch).
  2. Nécrologie. Courrier du Grand-Duché de Luxembourg, 22. Jg., nº 70 (24.03.1865), S. 3.
  3. Archives nationales de Luxembourg (ANLux), CT-03-02-0917, Décès Luxembourg, 1865-1866. Akt Nr. 91 vum 22. Mäerz 1865, Stierffall vum 20. Mäerz 1865.
  4. Etat civil de la ville de Luxembourg. Décès. L'Indépendance luxembourgeoise, nº 336/337 (02.12.1883), S. 3: Catherine Wolster, âgée de 72 ans, veuve de Joseph Chômé.
  5. Catherine Wolster, de 5. Mee 1812 zu Ettelbréck gebuer (Acte de mariage), an der Stad Lëtzebuerg gestuerwen de 27. November 1883 (Archives nationales de Luxembourg, ANLux, CT-03-02-0924, Décès Luxembourg, 1881-1884.
  6. Flies, J., 1970. "Ettelbrück. Die Geschichte einer Landschaft". Luxembourg, S. 1306.
  7. Arrêté royal grand-ducal du 27 novembre 1842, n° 2262, accordant au sieur André démission honorable des fonctions de Commissaire du district de Grevenmacher, et nommant le sieur Chomé pour remplir ces fonctions par interim. Verwaltungs- und Verordnungsblatt des Großherzogthums Luxemburg = Mémorial législatif et administratif du Grand-Duché de Luxembourg, 1842, p. 648-649.
  8. 8,0 8,1 Massard, J. A., 2024. Geschichtliches zur Kartoffel in Luxemburg. In: Hamdi, Mohammed (dir.): Cultures alimentaires au Luxembourg. Esskulturen in Luxemburg. Vol. 1: Produire et vendre. Herstellen und verkaufen. Publications du Lëtzebuerg City Museum, 4.1, Luxembourg, S. 61.
  9. Arrêté royal grand-ducal du 18 décembre 1849, N° 2279, portant nomination definitive du sieur Joseph-Ignace Chomé aux fonctions de commissaire de district de Grevenmacher. Verwaltungs- und Verordnungsblatt des Großherzogthums Luxemburg = Mémorial législatif et administratif du Grand-Duché de Luxembourg, p. 1053-1054.
  10. Avis. Arrêté royal grand-ducal du 6 juin courant. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg. Seconde partie, 1854, Nr. 7, p. 41.
  11. Paul Würth-Majerus: Hundert Jahre Gas in der Stadt Luxemburg. In: Ons Hémecht, 44. Jg., Heft 1 (01.01.1938), S. 54