D'Chauvet-Hiel (op Franséisch: Grotte Chauvet-Pont d'Arc, op Okzitanesch: Bauma de Chauvet) ass eng Hiel 3 km südëstlech vu Vallon-Pont-d'Arc, am Departement Ardèche, net wäit vum Pont d'Arc, iwwer dem Cirque d'Estre, engem fréieren Ardèchemeander. Si gouf den 18. Dezember 1994 entdeckt, ë. a. vum Hobbyspeleolog Jean-Marie Chauvet, dohier den Numm. Déi aner Matentdecker waren de Christian Hilaire an d'Eliette Brunel-Deschamps. Si zielt zu de bedeitendsten archeologesche Plaze mat Hielemolereien a Rëtzzeechnungen op der Welt.[1] Bis ewell goufe méi wéi 400 Wandbiller mat ronn 1.000 gemoolten a gravéierten Déieren a Symboler repertoriéiert.

Molereie vun Auerochsen, Päerdskäpp a Wollnashörner op den Hielewänn

Mat der Radiokarbondatéierung konnt d'Presenz vu Mënschen an der Grott tëscht viru 37.000 bis 33.500 Joer (Aurignacien), an dann nees tëscht 31.000 bis 28.000 Joer virun haut (Gravettien) etabléiert ginn.[2] D'Zeechnunge si sou gutt erhalen, well viru ronn 22.000 Joer den Agank vun der Hiel zougefall ass.

D'Hiel besteet aus engem System vu véier grousse Säll mat enger Héicht vun 12 bis 14 Meter (de gréissten huet 40 × 60 Meter Fläch) a se breet sech horizontal op 240 × 100 Meter aus. Am Ganze si bis ewell ronn 8.140 Quadratmeter kartographéiert.

Fir d'Zeechnungen ze schützen, ass d'Hiel net zougänglech fir de Public. Just e puer Fuerscher däerfen do no streng reglementéierten Zäite schaffen.

Wéi se fonnt goufen, hunn hir Entdecker ugeholl, et wieren déi eelst Hielenzeechnunge vun der Welt.[3] Mëttlerweil gëllen awer d'Molereien an der spuenescher El-Castillo-Hiel an an de Karsthielen am Regierungsdistrikt Maros an Indonesien als nach méi al.[4]

Am Juni 2014 gouf d'Chauvet-Hiel op d'Lëscht vun de Weltkulturierwe vun der UNESCO opgeholl.

Molereien änneren

D'Zeechnunge sinn aus Holzkuel, Leem oder Ocker. Et handelt sech ëm vill verschidden Déierespezien, wéi et se am Pleistozen do an der Géigend gouf: Wollnashörner, Hieleléiwen, Mammuten, Wëll Päerd, Hielebieren, Hielenhyänen, Rendéieren, Bisonen, Wisenten, Auerochsen, Steebéck, Riesenhirschen, Hirschen, Pantheren an eng Schnéi-Eil. All si se ganz realitéitskonform gemoolt. Och stiliséiert Zeechnunge sinn an der Grott ze gesinn: Mëschwiesen aus Mënsch an Déier a Sexualsymboler (Dräieck vum Schouss vun enger Fra, ee Phallus).

Warscheinlech gouf d'Hiel am Wanter vun Hielebieren als Leeër fir hire Wanterschlof benotzt. De Mënsch huet sech ni laang dran opgehalen.

Nobau änneren

 
De Jean-Marie Chauvet (2019)

Fir de virwëtzegen Touristen eppes bidden ze kënnen, gouf 3 Kilometer vun der Hiel ewech 2015 en Nobau vun der Hiel fir de Public opgemaach, dee ronn 55 Milliounen Euro kascht huet.

Literatur änneren

  • H. Bocherens, D. Drucker, D. Billiou: Etat de conservation des ossements dans la previous grotte Chauvet (Vallon-Pont-d'Arc, Ardèche, France). In: Bulletin de la Société Préhistorique Française 102, 2005, ISSN 0037-9514, S. 77–87.
    • mam J.-M. Geneste, J. van der Plicht: Bears and humans in previous Chauvet Cave (Vallon Pont-d'Arc, Ardèche, France). Insights from stable isotopes and radiocarbon dating of bone collagen. In: Journal of Human Evolution 50, 2006, ISSN0047-2484, S. 370–376.
  • Jean-Marie Chauvet, Éliette Brunel Deschamps, Christian Hillaire: Chauvet Cave. The Discovery of the World's Oldest Paintings. Thames and Hudson, London u. a. 1996, ISBN 0-500-01706-9.
    • 1995: Grotte Chauvet bei Vallon-Pont-d'Arc: Altsteinzeitliche Höhlenkunst im Tal der Ardèche. Jan Thorbecke, Stuttgart 2001, ISBN 3-7995-9000-5.
  • Jean Clottes (Editor), La Grotte Chauvet. L'art des origins. Seuil, Paris 2001, ISBN 2-02-048648-2 (Arts rupestres).
  • J. Clottes, M. Azéma: Les images de félins de la previous grotte Chauvet. In: Bulletin de la Société Préhistorique Française 102, 2005, ISSN 0037-9514, S. 173–182.
  • Jean Courtin: Die vergessene Höhle. Roman. Piper, München 2000, ISBN 3-492-23035-0.
  • Paul Pettitt: Art and the Middle-to-Upper Paleolithic transition in Europe. Comments on the archaeological arguments for an early Upper Paleolithic antiquity of the Grotte Chauvet art. In: Journal of Human Evolution 55, 2008, 5, ISSN 0047-2484, S. 908–917.
  • Éliette Brunel, Jean-Marie Chauvet, Christian Hillaire: Die Entdeckung der Höhle Chauvet-Pont d'Arc. Éditions Equinoxe, Saint-Remy-de-Provence 2014, ISBN 978-2-84135-868-7.
  • Éliette Brunel, Jean-Marie Chauvet, Christian Hillaire en collaboration avec Carole Deschamps-Etienne: La découverte de la Grotte Chauvet-Pont d'Arc. Éditions Equinoxe, Saint-Remy-de-Provence  2014, ISBN 978-2-84135-864-9.

Um Spaweck änneren

Commons: Chauvet-Hiel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Grotte Chauvet
  2. "Berühmte Grotte: Menschen nutzten Chauvet-Höhle bereits vor 37.000 Jahren." op spiegel.de
  3. Jean-Marie Chauvet, Éliette Brunel Deschamps, Christian Hillaire: Chauvet Cave. The Discovery of the World's Oldest Paintings. Thames and Hudson, London u. a. 1996, ISBN 0-500-01706-9.
  4. M. Aubert, A. Brumm, M. Ramli, T. Sutikna, E. W. Saptomo, B. Hakim, M. J. Morwood, G. D. van den Bergh, L. Kinsley, A. Dosseto: Pleistocene cave art from Sulawesi, Indonesia. In: Nature, Band 514, 9. Oktober 2014, S. 223–227.