Chaudefontaine
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Marne
Arrondissement Sainte-Menehould
Kanton Argonne Suippe et Vesle
Postcode 51800
Gemengecode 51139
Koordinaten 49° 05’ 59’’ N
      04° 52’ 12’’ O
Fläch  1 298 ha
Bevëlkerung  312 (1999)

Chaudefontaine ass eng franséisch Gemeng am Departement vun der Marne an der Regioun Grand Est.

Chaudefontaine läit am Dall vun der Aisne an huet säin Numm vun enger waarmer Quell, déi do entspréngt.

D'Abtei Saint-Vanne vu Verdun, hat am 12. Joerhonnert zu Chaudefontaine e Priorat gegrënnt, dat duerno un d'Jesuitte vu Reims gaangen ass.

De Jesuitt Jean Dez, deen ënner anerem Beichtpapp vum Grand Dauphin war, huet zu Chaudefontaine am Klouschter gelieft.

Architektur änneren

Besonnesch Gebaier sinn dat fréiert Schlass vu Bignipont, dat an e grousse Bauerenhaff ëmgebaut gouf, an D'Schlass vu Vaux vun 1886.

D'Kierch gouf 1774 gebaut, a vum Klouschter sinn nach just d'Kelleren ze gesinn.

Nopeschgemengen änneren

Kuckt och änneren