Charles Mullendorff (Geeschtlechen)

lëtzebuergesche Geeschtlechen an Auteur
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Geeschtleche Charles Mullendorff. Fir aner Leit mam Numm, kuckt wgl. Charles Mullendorff.

Den Abbé P.J. Charles Mullendorff, gebuer den 22. November 1830 an der Stad Lëtzebuerg, och do gestuerwen den 3. Abrëll 1902, war e lëtzebuergeschen Auteur, Geeschtlechen an Enseignant.[1]

Charles Mullendorff
Gebuer 22. November 1830
Lëtzebuerg
Gestuerwen 3. Abrëll 1902
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Léiwen,
Grousse Seminaire vu Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Lycéesprofesser, Universitéitsprofesser, Paschtouer

Hie war Professer am Kolléisch an huet eng ganz Rei Gedichter geschriwwen. Besonnesch bekannt ass säin Text vum Muttergotteslidd O Mamm léif Mamm do uewen.

Doriwwer eraus war hien, am Joer 1898 ee vun de Grënner vun der éischter Liga géint den Alkohol zu Lëtzebuerg.

Fir un hien z'erënneren, gouf um Kierchbierg eng Plaz op säin Numm gedeeft d'Place P.J. Charles Müllendorf.

Wierker änneren

  • D'Arem Seilen, 1899.[2]
  • Ons Religioun. Breif vun ènger Mamm un hire Pier zu Pareis, 1899.[3]

Gielchen änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Biographie vum Charles Mullendorff an der Biographie nationale du pays de Luxembourg: Fascicule 03 - page 287 bis Säit 304
  2. BNL Archivéiert op 2017-07-24. Gekuckt de(n) 2019-06-16.
  3. BNL Archivéiert op 2017-07-24. Gekuckt de(n) 2019-06-16.