mKaart

Plastikskaart am ëffentlechen Transport

mKaart ass eng Plastikskaart am ëffentlechen Transport, der duusser Mobilitéit oder der Elektromobilitéit zu Lëtzebuerg.

Muster vun enger mKaart
Elektronesch Borne an engem Bus fir d'mKaarten ze validéieren.

Bis den 29. Februar 2020 änneren

Et ass eng Plastikskaart, op déi ee verschidde Produite lueden a sech duerno entscheede kann, fir wat een d'Billjeeë benotze wëll. Op eng mKaart kann ee bis zu 8 Tickete setzen. Eng mKaart ass gemenkerhand net personaliséiert. Fir kënnen e Joresabonnement (Joresabo, Jugendabo, mPass...) drop ze setzen, muss een awer eng personaliséiert mKaart hunn, wou eng Foto an den Numm drop sinn.

Wann d'Billjeeën, déi op d'Kaart geluede goufen, verfuer sinn, kann ee sech d'Kaart erëm opluede loossen. D'Kaart kann deemno ëmmer erëm gebraucht ginn.

Fir e Billjee deen op der mKaart gespäichert ass ze benotzen, muss een d'mKaart widder eng elektronesch Borne halen, déi an de Bussen, op de Garen oder op enger Bushalt installéiert sinn.

Nieft der primärer Funktioun fir Billjeeë vum ëffentlechen Transport op d'Kaart ze lueden, ass d'mKaart och nach fir aner Déngschtleeschtunge virgesinn. Sou kann een z. B. mat der mKaart säi Vëlo an eng sécher Vëloskëscht (bikebox) vun der CFL[1] stellen oder vun enger kombinéierter Park-and-Ride Offer profitéieren. D'mKaart kann och gebraucht gi fir en Elektroauto op enger Chargy-Statioun opzelueden.

D'mKaart gouf am Juni 2014 agefouert an huet d'Funktionalitéite vum Projet e-go iwwerholl, deen déi ugestrieft Ziler ni erreeche konnt. An enger Iwwergankszäit bis Enn August 2014 hunn déi zwéi Systemer parallel funktionéiert.

Zanter dem 1. Mäerz 2020 änneren

No der Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg den 29. Februar 2020 gëtt d'Kaart - wat den am ëffentlechen Transport ugeet - just nach gebraucht fir 1. Klass- oder Regiozon-Billjeeën drop ze lueden[2]. Donieft gëtt se viru fir d'bikebox a soss periphär Déngschtleeschtunge benotzt, wéi z.B. fir de Vëloslokatiounssystem Vël'Ok Régional.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Info op mobilitéit.lu
  2. Bus, trains et trams gratuits à partir du 01/03/2020 op mobilitegratuite.lu