Châtel-sur-Moselle ass eng franséisch Gemeng an de Vogesen an der Regioun Grand Est.

Châtel-sur-Moselle
Vue iwwer d'Uertschaft

Vue iwwer d'Uertschaft
Vue iwwer d'Uertschaft
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Vosges
Arrondissement Épinal
Kanton Châtel-sur-Moselle
Koordinaten 48° 18’ 54’’ N
      06° 23’ 37’’ O
Fläch  1.186 ha
Bevëlkerung  1.659 (1999)

Am Mëttelalter war Châtel-sur-Moselle eng befestegt Plaz, déi 1072 gegrënnt gouf.

Et war eng burgundesch Enclav am Herzogtum Loutrengen.

D'Festung huet fir d'éischt den Häre vu Vaudémont an duerno den Häre vun Neufchâtel, gehéiert.

D'Festungsmauere goufen tëscht 1670 an 71 vun de Fransousen ënner dem Marschall de Créquy, ewechgerappt.

D'Uertschaft déi fréier einfach Châtel geheescht huet, huet säin Numm den 21. Juni 1961 geännert.

Nopeschgemengen änneren

Kuckeswäertes änneren

  • D'Iwwerreschter vun der aler Festung
  • D'Kierch Saint-Laurent déi vum Thiébaut IX. vun Neufchâtel gebaut gouf.

Kuckt och änneren