Cepheus (Moundkrater)

Moundkrater


De Cepheus ass en Aschlagkrater op der nordëstlecher viischter Moundsäit. Hie läit südliech vum Krater Atlas, südwestlech vum Krater Oersted an nordwestlech vum Krater Franklin. Säi Rampli ass terrasséiert an normal erodéiert, am Nordoste gëtt hie vum Niewekrater Cepheus A iwwerlagert. En huet en Zentralbierg.

Cepheus
Cepheus an Ëmgéigend (LROC-WAC)
Koordinaten 40°40'48"N, 45°46'48"O
Duerchmiesser 39,43 km
Selenographesch Längt 315° bei Sonnenopgank
Genannt no Kepheus
Moundvéiereck LQ05
Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
A 41,01° N, 46,48° O7 12 km [1]

De Krater gouf 1935 vun der I.A.U. nom mythesche Kinnik Cepheus genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren