Oersted (Moundkrater)
Den Oersted ass en Aschlagkrater op der nordëstlecher viischter Moundsäit. Hie läit südëstlech vum grousse Krater Atlas. De Krater ass relativ onopfälleg, well de Kraterrand ganz staark erodéiert a bal flaach ass.
Oersted, riets ënner Atlas an Hercules (LROC-WAC) | |
Koordinaten | 43°5'24"N, 47°15'0"O |
---|---|
Duerchmiesser | 42,3 km |
Selenographesch Längt | 42° bei Sonnenopgank |
Genannt am Joer | 1935 |
Moundvéiereck | LQ05 |
Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
---|---|---|---|
A | 43,32° N, 47,13° O | 7 km | [1] |
P | 43,53° N, 45,92° O | 21 km | [2] |
U | 42,38° N, 44,68° O | 4 km | [3] |
De Krater gouf 1935 vun der I.A.U. nom dänesche Physiker a Cheemiker Hans Christian Ørsted genannt.