Cecilia Payne-Gaposchkin
englesch Astronomin
D'Cecilia Helena Payne-Gaposchkin, gebuer den 10. Mee 1900 (Meederchersnumm Cecilia Payne), a gestuerwen de 7. Dezember 1979, war eng englesch Astronomin.
Cecilia Payne-Gaposchkin | |
---|---|
Gebuertsnumm | Cecilia Helena Payne |
Gebuer | 10. Mee 1900 |
Gestuerwen |
7. Dezember 1979 Cambridge |
Doudesursaach | Kriibs |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich, USA |
Educatioun |
Harvard Universitéit, Radcliffe College, Newnham College, Universitéit vu Cambridge |
Aktivitéit | Astronom, Universitéitsprofesser, Astrophysiker |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences, American Philosophical Society, American Astronomical Society |
Si huet Botanik, Physik a Chimie op der Cambridge University studéiert. Am Joer 1922 ass si an Amerika ausgewandert.
1925 huet si mat der Dissertatioun "Stellar Atmospheres, A Contribution to the Observational Study of High Temperature in the Reversing Layers of Stars" un der Harvard Universitéit hiren Doktertitel gemaach.
Am Joer 1956 gouf si Professer op der Harvard Universitéit.