Haaptmenü opmaachen

Wikipedia β

Catherine Kill

D'Catherine (Schleimer-)Kill, gebuer den 19. Mee 1884 zu Esch-Uelzecht an do gestuerwen den 18. November 1973 war eng lëtzebuergesch Politikerin a Fraerechtlerin.

Si war d'Meedche vum Schmelzaarbechter Henri Kill a senger Fra Françoise Laux. Tëscht 1899 an 1902 ass si an d'Léierinnen-Normalschoul gaangen, wou se 1902 hire Léierinnendiplom krut. Hir éischt Plaz krut se 1903 zu Uewerglabech an der Gemeng Noumer, wou se no 5 Méint gekënnegt huet.

1905 huet se de Schoulmeeschter Jean Schleimer bestuet, dee vun 1901 bis 1942 zu Esch geschafft huet. Deen éischte Jong, de Paul Schleimer, gouf méi spéit Direkter vun der Escher “Gewerbeschoul”, dem haitege Lycée Technique d'Esch-sur-Alzette. Deen zweeten Jong, Léon Schleimer, gouf Dokter.

D'Catherine Schleimer-Kill huet 1911 an 1912 als "Chargée de Cours d'économie domestique" Course gehalen am neigegrënnte Meedercheslycée, dem Virleefer vum haitege Lycée Hubert Clément.

Si war 1925 eng vun de Grënnerinne vun der Action Féminine a vun 1929 bis 1934 déi éischt Fra am Escher Gemengerot.

Nom Zweete Weltkrich huet d'Catherine Kill sech aus der Ëffentlechkeet zréckgezunn a sech intensiv mat Esoterik beschäftegt.

LiteraturÄnneren