Carlyle Smith Beals
kanadeschen Astronom
De Carlyle Smith Beals, gebuer den 29. Juni 1899 zu Canso, Nova Scotia, a gestuerwen den 2. Juli 1979 zu Ottawa, war e kanadeschen Astronom.
Carlyle Smith Beals | |
---|---|
Gebuer | 29. Juni 1899 |
Gestuerwen |
2. Juli 1979 Ottawa |
Nationalitéit | Kanada |
Aktivitéit | Astronom, Astrophysiker |
Member vun | Royal Society |
Hien hat 1926/27 als Dozent fir Physik op der Acadia University zu Wolfville geléiert. Vun 1927 un hat hie bis zum Joer 1946 um Dominion Astrophysical Observatory zu Victoria an der kanadescher Provënz British Columbia geschafft. Hien hat d'Emissiounslinnen an d'Spektre vu bestëmmte Stären a Gaswolleken am interstellare Raum ënnersicht. Donieft hat hien och astronomesch Instrumenter entwéckelt.
Am Joer 1946 gouf hien zum Astronom vum Dominion zu Ottawa bestëmmt an hat eng Studie iwwer Meteorittekrateren a Kanada verfaasst. 1964 ass hien a Pensioun gaangen.
Éierungen
änneren- 1969 gouf hien Officer of the Order of Canada.
- 1971 krut hien de Petrie Prize Lecture.
- Den Asteroid (3314) Beals ass no him genannt ginn
- Den Äerdmoundkrater Beals gouf no him genannt.
Um Spaweck
änneren- (en) Carlyle Smith Beals (1899-1979) op astro-canada.ca
- Publikatioun vum C.S. Beals am Astrophysics Data System
- Noruff fir den C.S. Beals am Astrophysics Data System