Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Canadarm2 ass e Multifunktiounsroboteraarm op der Internationaler Raumstatioun (ISS). Den offiziell als Space Station Remote Manipulator System (SSRMS) genannten Aarm ass déi kanadesch Participatioun bei der ISS. De Canadarm2 gouf vun der kanadescher Raumfaartentreprise MDA Space Missions entwéckelt a gebaut. E besteet aus dräi Deeler, ass 17,6 Meter laang a ka bei enger Eegemass vun 1,8 Tonne maximal 116 Tonne beweegen. Déi maximal Leeschtungsopnam läit bei nëmmen zwéi Kilowatt.

Canadarm2-Montage op der STS-100
De Gräifmechanisem vum Canadarm2

De Canadarm2 ass en Deel vum Mobile Servicing System (MSS), dat fir den Zesummebau, fir Reparaturaarbechte baussenzeg vun der ISS a fir Hëllef vun externen Apparaten an Experimenter virgesinn ass. D'Raumfuerer kënnen dobäi iwwer véier Videokameraen all Beweegung och ouni direkte Siichtkontakt verfollegen an iwwer d'Telecommande am amerikanesche Labormodul Destiny steieren.

De Canadarm2 ass net fest un engem Punkt mat der ISS verbonnen, mä kann – wéinst senge siwe Fräiheetsgrade – op ënnerschiddlech Aart a Weis laanscht d'Statioun beweegt ginn, déi no Fäerdegstellung 110 Meter grouss gëtt.

De Roboteraarm huet op béiden Enner eng Gräifmechanik (engl.: Latching End Effectors - LEEs) déi mat Schnëttstelle fir Daten- an Energieversuergung versinn ass. Weiderhi sinn op verschiddene Plaze vun der Statioun dozou passend Konnekteren, sougenannt Power Data Grapple Fixtures (PDGF) montéiert, un deenen den Aarm fixéiert ka ginn. Sou kann de Canadarm2 mat engem raupenaartege Beweegungsoflaf, von PDGF zu PDGF iwwer dat amerikanescht Segment vun der ISS wanderen. Alternativ kann de Canadarm2 mat dem sougenannte Mobile Transporter verbonne ginn an iwwer e Schinnesystem laanscht d'Integrated Truss Structure vun der Statioun beweegt ginn.

Den Transport op d'Statioun war mat der Shuttle-Missioun STS-100 am Abrëll 2001 gemaach ginn a gouf vun der STS-104 am Juli 2001 komplettéiert.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Canadarm2 – Biller, Videoen oder Audiodateien