Mobile Servicing System

De Mobile Servicing System (MSS) ass e Modul fir den Ënnerhalt vun der Internationaler Raumstatioun (ISS). Et kann Ersatzdeeler vun engem Ausleeër bei den aneren transportéieren an ass domat eng Aart "Gidderwagon". Et hëlleft den Astronauten bei der Aarbecht a spillt eng Schlësselroll beim Bau vun der Statioun.

De „Mobile Transporter“ wärend de Virbereedungen am Dezember 2001

D'System besteet aus dräi Modullen:

  • De Canadarm2 ass d'Weiderentwécklung vum Roboteraarm, deen um Space Shuttle agesat gëtt. Vollstänneg ausgestreckt huet en eng Längt vu 17,6 Meter. Dobäi kann en eng Gesamtmass vun 116 Tonne beweegen. Op verschiddene Plaze vun der Statioun si Konnekteren, un deenen de Roboteraarm fixéiert ka ginn. Dës sougenannte Power Data Grapple Fixtures (PDGFs) versuergen hie mat Energie a mat den auszeféierende Kommandoen. Sou kann de Canadarm2 mat engem raupenaartege Beweegungsoflaf, vu PDGF zu PDGF iwwer d'ISS wanderen, wouduerch säin Aarbechtsgebitt vergréissert gëtt. Hie gouf wärend der Missioun STS-100 op d'ISS bruecht.
  • Dat Mobile Base System (MBS) ass eng Plattform an déngt dem Canadarm2 als Ankerpunkt. D'MBS ka laanscht engem Schinnesystem, dat op den Ausleeër verluecht ass, beweegt ginn. D'Kärstéck, de Mobile Transporter (MT), ass de Motor vum ganze System. Hie gouf zesumme mat dem S0-Truss mat STS-110 am Fréijoer 2002 zu der Statioun bruecht. De leschten Deel gouf mam STS-111 geliwwert.
  • De Special Purpose Dexterous Manipulator (SPDM) ass en Zousazmodul fir de Canadarm2, dee gär "Canada-Hand" oder "Dextre" genannt gëtt. Et kann op der Spëtzt vum Roboteraarm festgemaach ginn a vergréissert seng Asazméiglechkeeten. Den SPDM gouf am Mäerz 2008 mat dem STS-123 op d'ISS transportéiert.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren