Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

Den Destiny ass de véierte Modul vun der Internationaler Raumstatioun an den zweete vun den USA. Et huet eng zylindresch Form, ass 8,5 m laang, huet en Duerchmiesser vu 4,3 m a vollstänneg ageriicht läit seng Mass bei 24,0 t. (eidel 14,5 t.)

Destiny
Den Destiny-Modul bei der Installatioun
Typ ISS-Modul
Land  USA
Agentur NASA
Mass 14,5 t (eidel)
Längt 8,5 m.
Duerchmiesser 4,3 m
Start 7. Februar 2001
Status aktiv

Um Heck ass den Destiny mam Kopplungsmodul Unity, an um Bug mat der Duerchgangsschleis Harmony verbonnen. Den Destiny gouf de 7. Februar 2001 mat der STS-98-Missioun an de Raum bruecht.

Am Ganze stinn 24 Standard-Racks zur Dispositioun: 13 dovu kënne fir Experimenter a wëssenschaftlech Ausrëschtung benotzt ginn, wärend déi iwwereg 11 fir d'Steierung oder als Lagerraum disponibel sinn.

D'Hüll vum Labormodul besteet aus Aluminium an ass zousätzlech mat engem Mikrometeoritteschutz ëmginn. Dëse besteet aus engem Material, dat de schossséchere Jackette ähnelt. Den Destiny vhuet eng grouss Fënster, déi sech mat enger Aart Fënsterrolllued verschléisse léisst. Iwwer dës Fënster soll virun allem äerdbezunne Fuerschung gemaach ginn.

Beim Start ware véier Racks montéiert. Si déngen an éischter Linn der Steierung vun de wichtegste Systemer an der Liewenserhalung. Enthale sinn Anlage fir d'Loftventilatioun, zwéi Killsystemer op Waasserbasis (4 °C- a 17 °C-System), zwéi sougenannt Avionics-Racks mat Steierungssystemer fir déi intern Kommunikatioun, fir Lagreegelung, Liewenserhalung, Ëmweltdate, Kopplungsmechanismen, Drockausgläich, Uerder- an Dateveraarbechtung souwéi d'Energie- an d'Alarmsystem (Feierdetektioun a Loftdrockkontroll). Zousätzlech installéiert gouf e fënneft Rack mat emgem Loftopbereedungssystem.

Spéider goufe weider Versuergungsracks (Brauchwaassersystemer, Ënnerstëtzung fir Baussebordaarbechten, Bunnnostellung a Kommunikatioun) souwéi Fuerschungsapparaturen agebaut. Dozou waren nach dräi Reie fir jee sechs Racks fräi. All Racks ginn iwwer een zentralen Energie- an Datebus mat Stroum a Reegelsystemer versinn. Ausserdem stinn zwéi universell Killsystemer zur Dispositioun. Zäitweileg kënnen och Prouwe vun absolvéierten Experimenter ënner spezielle Bedéngungen (z. B.agefruer) gelagert ginn. D'Racks sinn universell, genormt an austauschbar. Den Transport erfollegt mat spezielle Logistikmodulen (MPLM).

Am US-Labormodul Destiny ginn Experimenter op de Gebidder Mikrogravitatioun, Liewenswëssenschaften, Biologie, Ekologie, Äerdfuerschung, Weltraumfuerschung an Technologie gemaach. Och kommerziell Fuerschunge sinn geplangt.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Destiny – Biller, Videoen oder Audiodateien