C/2013 R1 (Lovejoy)
Den C/2013 R1 (Lovejoy) ass e laangperiodesche Koméit.
C/2013 R1 (Lovejoy) | |
---|---|
Orbittyp | laangperiodesch |
Grouss Hallefachs | 243,228 |
Perihel | 0,8118 AE |
Aphel | 486,050 AE |
Exzentrizitéit | 0.99833 |
Perihelduerchgank | 22. Dezember 2013 |
Ëmlafdauer | ca. 10700 Joer |
Ëmlafvitess | 46,75 km/s |
Physikalesch Eegenschafte vum Kär | |
Duerchmiesser | ? |
Entdecker Terry Lovejoy | |
Entdeckungsdatum | 7. September 2013 |
Aner Bezeechnungen |
Den australeschen Amateurastronom Terry Lovejoy hat de Koméit op en ettleche Biller entdeckt, déi hien an der Nuecht vum 7. op den 8. September 2013 mat engem 0,2-Meter (7,9 Zoll) Schmidt-Cassegrain-Teleskop gemaach hat. De Koméit hat zu deem Zäitpunkt eng Hellegkeet vu ronn 14 mag. Déi visuell Hellegkeet vum C/2013 R1 war bis Enn September bis op 10,5 mag geklomm an hat e Mount méi spéit ongeféier 7 mag erreecht. Ufanks November 2013 gouf de Koméit fir d'éischt mat bloussem A observéiert.[1]
Den C/2013 R1 (Lovejoy) huet eis Äerd den 19. November 2013 op enger Distanz vun 61,4 Millioune Kilometer passéiert. Ëm de 27. November 2013 stoung de Koméit tëscht de Stärebiller Canes Venatici an Ursa Major.
De Koméit hat am spéide November 2013 seng gréissten Hellegkeet mat 4 mag erreecht.[2] Säi Perihel hat hien den 22. Dezember 2013 duerchlaf.