De Koméit C/2007 N3 (Lulin), och verkierzt Koméit Lulin genannt, ass en Himmelskierper deen den 11. Juli 2007 op dräi Fotoe vum Lin Chi-Sheng a vum Ye Quanzhi um Lulin-Observatoire entdeckt gouf. De Koméit gëtt zu den net-periodesche Koméite gezielt. D'Entdeckung gouf de 17. Juli 2007 vum J. Young um Table-Mountain-Observatoire bestätegt.

C/2007 N3 (Lulin)
De Koméit Lulin den 31. Januar an de 4. Februar 2009
Orbittyp hyperbolesch
Numeresch Exzentrizitéit 1.0002
Perihel 1,212AE
Bunnschréi 178,37Grad
Perihelduerchgank 10. Januar 2009
Physikalesch Eegenschafte vum Kär
Geschicht
Entdecker Lin Chi-Sheng an Ye Quanzhi
Entdeckungsdatum 11. Juli 2007
Aner Bezeechnungen -

Bemierkenswäert um Lulin ass, datt hien duerch agespaarten Dicyan an zweeatomege Kuelestoff gréng liicht.

De Koméit ass de 24. Februar 2009 mat enger Distanz vun 0,41 AE (≈ 61 Millioune km) laanscht d'Äerd geflunn. Zu deem Zäitpunkt stoung hien am Stärebild Leo, dat géint Hallefnuecht säin héchste Stand hat. De Koméit krut eng maximal visuell Magnitude vu ronn 4m, wat bedeit, datt en nëmmen a ländleche Regioune mat wéineg Liichtverschmotzung mat bloussem A z'erkenne war.

De Schwäif war an zwee gedeelt an nieft dem Haaptschwäif war e Géigeschwäif (Typ-III-Schwäif) ze gesinn, deen an déi aner Richtung gewisen huet.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren