Elektropop

Wikimedia-Kategorie

Elektropop oder Electropop ass e Museksgenre, deen elektronesch Musek mat Popmusek kombinéiert. Nodeems en Enn der 1970 opkomm war a sech an den 1980er staark entwéckelt hat, huet en an de spéiden 2000er e Revival erlieft.

Beim Elektropop gëtt vill Gebrauch gemaach vum Synthesizer, wouduerch en als eng Variatioun vum Synthpop gëllt, awer déi elektronesch Produktioun méi staark ervirgehuewen ass. D'Synthesizertéin, déi am Elektropop gebraucht ginn, kënnen als méi "flou a waarm" beschriwwe ginn, mat méi niddrege Frequenzen. D'Produktioun vun Elektropop inspiréiert sech an ënnerschiddleche Moosse un aneren Ënnergenren vun der elektronescher Danzmusek, wéi dem Electrohouse an Electroclash.

Quellen änneren