De Bruno Bernhard Granichstaedten, gebuer den 1. September 1879 zu Wien a gestuerwen den 30. Mee 1944 zu New York, war en éisträichesche Komponist.

Bruno Granichstaedten
Gebuer 1. September 1879
Wien
Gestuerwen 30. Mee 1944
New York
Nationalitéit Éisträich
Aktivitéit Komponist, Librettist, Dréibuchauteur

Hie krut eng Museksausbildung beim Salomon Jadassohn (1831–1902) zu Leipzig. Hien hat e puer Theaterengagementer a gouf dunn 1900 Kapellmeister an der Münchener Hofoper. E bësse méi spéit huet hien, zesumme mam Frank Wedekind, de Cabaret Die Elf Scharfrichter gegrënnt, wouropshin en aus der Oper entlooss gouf.

1908 huet hie seng éischt Operett Bub oder Mädel publizéiert (Libretto vum Felix Dörmann a vum Adolf Altmann). Si hat e gewësse Succès, a seng Operetten, déi nokoumen haten es nach méi. 1938 koum et zum "Anschluss" vun Éisträich un d'Drëtt Räich, an de Granichstaedten huet missen d'Land verloossen, nodeem en als Judd verrode gi war a seng Plaz verluer hat.

Granichstaedten zu Lëtzebuerg änneren

D'Operettendiva Betty Fischer, déi zanter kuerzem zu Lëtzebuerg gewunnt huet, an eng gutt Frëndin vum Stater Buergermeeschter Gaston Diderich war, huet et arrangéiert kritt, datt hien zu Tréier seng Operett Der Orlow opféieren a souguer selwer dirigéiere konnt. Si war och beim Lëtzebuerger Konsulat zu Wien intervenéiert, datt de Granichstaedten fir sech a seng Frëndin, d'Operettesängerin Rosalie Kaufmann, e Visa fir Lëtzebuerg krut. Zesumme sinn si an der Nuecht op den 3. Oktober 1938 - warscheinlech iwwer d'Fuert zu Steenem - mat net méi wéi enger Valiss a wat se um Leif haten, heemlech iwwer d'Grenz komm. Hinne gouf vun der jiddescher Hëllefsorganisatioun Esra gehollef.[1]

Wärend senger Zäit zu Lëtzebuerg huet hien eng Operett mam Titel Sonili komponéiert. Dës gouf mat groussem Succès vum Ensembel Letzeburger Operettebühn de 15. Dezember 1939 eng éischt Kéier, an duerno nach zwielefmol am Kapuzinertheater opgefouert. De Josy Imdahl huet dem Granichstaedten säi Libretto op Lëtzebuergesch iwwersat gehat; d'Gesamtdirektioun hat de Venant Pauké, Dirigent war den Henri Pensis. Den Numm vun der Operett geet zeréck um Schauspiller Hary Haagen seng Duechter Sonja, déi deemools 12 Joer al war a "Sonili" geruff gouf, an déi sech virdru schonn en Numm als "Kannerstar" gemaach hat. D'Libretto an d'Partitur vun dëser Operett sinn hautdesdaags verschwonnen.[2]

Den 18. Januar 1940 sinn de Bruno Granichstaedten an d'Rosa Kaufmann an d'USA emigréiert. E puer Deeg virdrun housch et am Tageblatt, zu Hollywood wiere scho Verhandlungen iwwer d'Verfilmung vu "Sonili" mat der Shirley Temple an der Haaptroll an d'Weeër geleet ginn.[3] Hie konnt do awer net richteg Fouss faassen, an huet sech säi Liewen als Barpianist misse verdéngen.

 
Säi Graf um Hietzinger Kierfecht

Wierk änneren

De Bruno Granichstaedten huet 16 Operetten a Singspieler komponéiert, zu deenen en deelweis och d'Libretto schrouf. Déi gréisst Succèse waren Auf Befehl der Kaiserin (1915) an Der Orlow (1924). Hien huet ausserdeem d'Musek vun dräi Tounfilmer komponéiert, sou wéi och Lidder a Chansonen.

Hien ass zu Wien begruewen. D'Wienbibliothek im Rathaus versuergt seng Ierfschaft.

Literatur änneren

  • Felix Czeike: Historisches Lexikon Wien. Band 2. Verlag Kremayr & Scheriau, Wien 1993, ISBN 3-218-00544-2, S. 589.
  • Handbuch österreichischer Autorinnen und Autoren jüdischer Herkunft 18. bis 20. Jahrhundert. Band 1. Hrsg.: Österreichische Nationalbibliothek, Wien. K. G. Saur, München 2002, ISBN 3-598-11545-8, S. 454.
  • Oesterreichisches Musiklexikon. Band 2. Verlag der Österreichischen Akademie der Wissenschaften, Wien 2003, ISBN 3-7001-3044-9, S. 615

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Guy Wagner (2008).
  2. Desislava Schengen: "Wer kennt 'Sonili'?" tageblatt.lu, 12.10.2010. 09:48:00; "'Sonili': Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goen..." Lieserbréif op RTL - 11.11.2010, 14:11 - Fir d'lescht aktualiséiert: 10.11.2010, 22:22
  3. Tageblatt, 10..Januar 1940, S.7.