Bruno-Rossi-Präis
De Bruno-Rossi-Präis gëtt all Joer vun der Divisioun fir Héichenergiephysik vun der American Astronomical Society verginn, "fir ee signifikante Bäitrag zu der Héichenergieastrophysik, mat Betounung op nei an originell Aarbechten". De Präis ass zu Éiere vum Astrophysiker Bruno Rossi genannt.
Präisdréier
änneren- 1985: William R. Forman a Christine Jones
- 1986: Allan S. Jacobson
- 1987: Michiel van der Klis
- 1988: Rashid Sunyaev
- 1989: D'Experimentteamer vum Irvine-Michigan-Brookhaven-Experiment a vum Kamioka
- 1990: Stirling Colgate
- 1991: John A. Simpson
- 1992: Gerald H. Share
- 1993: Giovanni Bignami an de Jules Halpern
- 1994: Gerald Fishman
- 1995: Carl Fichtel
- 1996: Felix Mirabel an de Luis F. Rodriguez
- 1997: Trevor C. Weekes
- 1998: D'BeppoSAX-Team an de Jan van Paradijs
- 1999: Jean Swank an den Hale Bradt
- 2000: Peter Meszaros, Bohdan Paczynski an de Martin Rees
- 2001: Andrew Fabian an de Yasuo Tanaka
- 2002: Leon Van Speybroeck
- 2003: Robert C. Duncan, Christopher Thompson an d'Chryssa Kouveliotou
- 2004: Harvey Tananbaum an de Martin Weisskopf
- 2005: Stan Woosley
- 2006: Deepto Chakrabarty, Tod Strohmayer an de Rudy Wijnands
- 2007: Neil Gehrels an d'Swift-Team
- 2008: Steve Allen, Pat Henry, Maxim Markevitch an d'Alexey Vikhlinin
- 2009: Charles D. Bailyn, Jeffrey E. McClintock an de Ronald A. Remillard
- 2010: Felix A. Aharonian, Werner Hofmann, Heinrich J. Völk an d'Aarbechtsgrupp H.E.S.S.
- 2011: Bill Atwood, Peter Michelson an d'Aarbechtsgrupp vum Fermi Gamma-ray Space Telescope
- 2012: Marco Tavani an d'AGILE-Team fir d'Entdeckung opflackernder Gammastralung am Krabbniwwel
- 2013: Alice K. Harding an de Roger W. Romani fir hir theoreetesch Aarbechten iwwer Gammastrale-Pulsaren
- 2014: Douglas Finkbeiner, Tracy Slatyer, Meng Su fir hir Entdeckung vun de Fermi bubbles, eng bis dohin onbekannt galaktesch Struktur.
- 2015: Fiona Harrison fir grondleeënd Aarbechten zu Supernovareschter, Neutronestären a Schwaarz Lächer mam NuSTAR, dem éischte Röntgensatellit fir Wellelängten ënner 0,1 Nanometer resp. Röntgenstralenergien iwwer 10 keV.
- 2016: Niel Brandt, fir Aarbechten mam Chandra Röntgensatellit (Chandra Deep Field) an d'Ënnersich vun der Entwécklung supermassiver Schwaarzer Lächer a Ko-Evolutioun mat hirer Wiirtsgalaxie.
- 2017: Gabriela González an d'Laser Interferometer Gravitational-wave Observatory (LIGO) fir hir Aarbechten zu der Detektierung von Gravitationswellen
- 2018: Colleen Wilson-Hodge an d'Team vum Fermi Gamma-Ray Burst Monitor (Fermi Gamma-ray Space Telescope) fir d'Detektioun vun engem Gammablëtz bei der Verschmëlzung vun zwee Neutronestäre.