Brot und Spiele
Brot und Spiele (Brout a Spiller) war de gréisste réimesche Festival an Däitschland deen tëscht 1997 an 2012 all Joer zu Tréier, der eelster Stad vun Däitschland, organiséiert gouf.

De Festival gouf an zwéin historesche réimesche Baute gehalen: am Amphitheater an an de Keeserthermen. Am Amphitheater goufe Gladiatorekämpf nogespillt, an an de Kaisertherme gouf d'militärescht an d'zivilt Liewe vun de Réimer presentéiert. 2006 gouf dëse Festival beim Concours "Deutschland - Land der Ideen" ausgezeechent.
2007 war Brout a Spiller en offizielle Bäitrag zum Programm vun der europäesch Kulturhaaptstad 2007 Lëtzebuerg a Groussregioun, an ass vum 10. bis 12. August gaangen. Inhaltlech war de Konstantin de Groussen e wichtege Schwéierpunkt.
2008 goung Brout a Spiller vum 15. bis de 17. August. Déi nei Inzenéierung huet sech mat engem alen Tréierer Mythos beschäftegt: dem Konkurrenzkampf tëscht dem Constructeur vum Amphitheater an dem Constructeur vum Aqueduc.
Déi lescht Editioun war 2012. Duerno huet d'Stad Tréier entscheet, keng Editioun méi fir d'Joer 2013 organiséieren, well manner Visiteure koume wéi erwaart an et finanziell net méi viabel war.
Um Spaweck
ännerenCommons: Brot und Spiele – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (de) (en)Offiziell Säit vum Festival