Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Dee schonn 100 n. Chr. gebauten Amphitheater zu Tréier net all ze wäit ewech vun de Keeserthermen steet der Gréisst no op der zéngter Plaz vun de bekanntsten Amphitheateren aus réimescher Zäit. Dës prestigiéis Anlag beweist, datt Tréier an der Réimerzäit eng räich Stad war.

Den Amphitheater zu Tréier

Duerch déi gënschteg Lag um Fouss vum Petrisberg, konnt den Amphitheater déi natierlech Hanglag fir d'Tribünen ausnotzen an huet fir zirka 20.000 Spectateure Plaz gebueden. D'Agäng ënner de kënschtlechen opgeschotten Hiewelen, Agankspaarten a Mauere fir Spectateursreien iwwer der Arena waren aus Stee gebaut. An de Mauere si Lächer déi a Raim gi fir Mënschen an Déieren ënnerzebréngen. Eng Keeserloge a Plaze fir héich Staatsleit waren op der westlecher Hallschent ubruecht. D'Arena war zum Deel mat enger Holzkonstruktioun ënnerkellert. Warscheinlech war do eng Hiefbün.

Bis ufanks vum 5. Joerhonnert gouf deen 1986 zum Weltierwe vun der UNESCO erkläerten Amphitheater benotzt, a war en Deel vun der deemoleger Stadmauer, ier e méi spéit am Mëttelalter als Steebroch gedéngt huet.

Zanter 2002 gëtt all Joer Brot und Spiele (Brout & Spiller), de gréisste réimesche Festival vun Däitschland, am Amphitheater gehalen, a Gladiatorekämpf nogespillt.

Um Spaweck änneren

Commons: Amphitheater (Tréier) – Biller, Videoen oder Audiodateien