Brin-sur-Seille ass eng franséisch Gemeng am Departement Meurthe-et-Moselle an der Regioun Grand Est.

Brin-sur-Seille
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Meurthe-et-Moselle
Arrondissement Nanzeg
Kanton Entre Seille et Meurthe
Postcode 54280
Gemengecode 54100
Koordinaten 48° 46’ 47’’ N
      06° 21’ 20’’ O
Fläch  1.171 ha
Bevëlkerung  774 (2014)

D'Uertschaft läit am Dall vun der Seille déi am Nordosten déi natierlech Grenz mat den Nopeschgemenge Bioncourt, Attilloncourt a Pettoncourt mécht.

Brin-sur-Seille war am éischte Weltkrich komplett zerstéiert ginn, a gouf mat Spenden déi vu Stied an Dierfer koumen déi net am Krich gelidden haten nees opgebaut. Sou gouf Brin eng Giedelche vun der Stad Niort. Zu Niort gouf 1923 eng Strooss rue de Brin-sur-Seille gedeeft.

Kuckt och änneren