Brigitte Bierlein
D'Brigitte Bierlein, gebuer de 25. Juni 1949 zu Wien, ass eng éisträichesch Juristin, fréier Verfassungsriichterin a Politikerin (ouni Partei). Si ass zanter dem 3. Juni 2019 Bundeskanzlerin vun der Republik Éisträich.
Brigitte Bierlein | |
---|---|
| |
Gebuer |
25. Juni 1949 Wien |
Nationalitéit | Éisträich |
Educatioun | Universitéit Wien |
Aktivitéit | Riichter, Procureur d'État, Jurist, Politiker |
Partei | Onofhängeg |
Si war vun 1990 bis 2003 Procureur général beim Ieweschte Geriichtshaff. Vun 2003 bis 2018 war d'Bierlein Vizepresidentin vun der éisträichescher Cour constitutionnelle a vum 23. Februar 2018 bis den 2. Juni 2019 där hir Presidentin.
Den 30. Mee 2019 huet de Bundespresident Alexander Van der Bellen si domat chargéiert, eng Iwwerganksregierung ze forméieren bis d'Neiwalen am Hierscht 2019, an dat, nodeems d'Parlament, den Nationalrat, dem Sebastian Kurz senger Regierung d'Mësstrauen ausgeschwat hat, well dës, no der Ibiza-Affär, ouni de Koalitiounspartner FPÖ an der Minoritéit war.
LiteraturÄnneren
- Benedikt Kommenda und Philipp Aichinger: Porträt: Die neue VfGH Präsidentin Brigitte Bierlein. In: Die Presse, 21. Februar 2018.
- Paradejuristin wird erste VfGH-Präsidentin. Porträt. In: derStandard.at/APA, 21. Februar 2018.
Um SpaweckÄnneren
Commons: Brigitte Bierlein – Biller, Videoen oder Audiodateien |