Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

E Bremsschapp ass e Gebai, an deem Bremsvirriichtunge stinn, sief et mechanescher oder elektrescher, déi dofir do sinn, fir bei Seelbunnen oder Standseelbunnen, déi mat Kontergewiichter funktionéieren, d'Faart vun de Kabinnen oder Wagonen ze bremsen an ze stoppen. Bremsschäpp zu Lëtzebuerg stoungen am Süde vum Land, op Transportstrecken op deene Minett transportéiert gouf, wéi z. B um Bielesser Gaalgebierg, an der Minière um Hesselsbierg bei Téiteng, um Lallengerbierg. Soss uechter d'Land waren der am Steebroch vu Bettenduerf, an der Gipsgrouf um Stroumbierg bei Schengen, an an der Kelsbaach bei Gréiwemaacher. Am Éislek gouf et een am Buckelsser Steebroch.

En Auschnëtt vun enger Informatiounsplack um Bielesser Gaalgebierg

PrinzipÄnneren

Op ville Plazen wou Iwwerdag ofgebaut gouf hunn d'Buggie missen en Héichtenënnerscheed iwwerwannen (am Fall vum Bielesser Bremsschapp war et en Héichtenënnerscheed vun iwwer 50 m), fir op en aneren Niveau ze kommen. Dëst ass iwwer en Zweeschinnesystem gaangen. Véier beluede Buggie goufe sou mat engem stole Seel iwwer eng géi Streck (dacks "de Plang" genannt) erofgelooss. Als Géigegewiicht goufen eng Rëtsch onbeluede Buggien aus dem Dall an d'Luucht op de Plateau eropgezunn.

Bei verschiddene Bremsschäpp war d'Bremsenergie sou héich datt konnt Stroum produzéiert ginn wéi z. B. bei deem vu Rochonvillers.

Kuckt ochÄnneren