Bonpland (Moundkrater)

Moundkrater

De Bonpland ass en Aschlagkrater op der viischter Moundsäit am Flaachland vum Mare Cognitum, direkt nieft dem südleche Rampli vum Krater Fra Mauro an am Osten deelweis iwwerdeckt vum Krater Parry.

Bonpland
Koordinaten 8°22'48"S, 17°19'48"W
Duerchmiesser 59,3 km
Déift 730 m
Genannt no Aimé Bonpland
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ19
De Krater Bonpland an Ëmgéigend (LROC-WAC)
De Bonpland (uewe lénks; Foto vum Apollo 16)

De Krater ass staark erodéiert an am südlechen Deel ass de Rampli bal verschwonnen. Banne gëtt e vum Rillesystem Rimae Parry duerchzunn.

De Bonpland Breetegrad Längtegrad Duerchmiesser
C 10.2° S 17.4° W 4 km
D 10.1° S 18.2° W 6 km
F 7.3° S 19.3° W 4 km
G 11.6° S 18.8° W 4 km
H 11.4° S 19.9° W 4 km
J 11.4° S 20.4° W 3 km
L 7.5° S 21.2° W 3 km
N 9.4° S 21.4° W 3 km
P 10.9° S 21.5° W 1 km
R 10.7° S 18.6° W 3 km

De Krater gouf 1935 vun der IAU offiziell nom franséische Botaniker Aimé Bonpland, Frënd a Begleeder vum Alexander von Humboldt, genannt.

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren