Bill Napier
De William M. Napier oder Bill Napier, gebuer den 29. Juni 1940 zu Perth, a Schottland, ass en Asteroidefuerscher an Auteur. Dem Napier seng Fuerschung beschäftegt sech mat de physikaleschen a cheemeschen Eegenschafte vun Interstellarem Stëbs souwéi den Auswierkunge vu Meteorittenaschléi op d'Äerd. No him ass den Asteroid (7096) Napier genannt.[1] Den Napier ass ausserdeem Auteur vu ville wëssenschaftlechen a populärwëssenschaftleche Bicher.
Bill Napier | |
---|---|
Gebuer |
29. Juni 1940 Perth |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | Universtéit vu Glasgow |
Aktivitéit | Astronom |
Member vun | International Astronomesch Unioun |
Liewen
ännerenDen Napier hat op der Universitéit Glasgow studéiert. Vun 1967 bis 1992 war hien Astronom um Kinneklechen Observatoire vun Edinburgh. Vun 1994 bis 1996 hat hien, nees zeréck op der Universitéit Glasgow, Fuerschungsaufgaben opgeholl. 2001 gouf hien Honorarprofesser um Institut fir Astrobiologie op der Universitéit vu Cardiff an huet am Armagh-Observatoire geschafft.
Allgemeng Bekanntheet krut de William M. Napier duerch déi – zesumme mam Astrophysiker an Astronom Victor Clube an anere Wëssenschaftler entwéckelt – Theorie vum Kohärente Katastrophismus (Engl.: coherent catastrophism), déi periodesch Impakte vu Koméite resp. Koméitefragmenter op der Äerd viraussetzt. Sou Impaktevenementer sollen och d'Mënschheets- an Zivilisatiounsgeschicht beaflosst hunn.[2]
Bibliographie
änneren- Die Offenbarung, Wunderlich, Reinbek 2001, ISBN 3-8052-0713-1.
- Nemesis, Wunderlich, Reinbek 1999, ISBN 3-8052-0663-1.
- The Origin of Comets (mam S.V.M. Clube an M.E. Bailey), Pergamon Press, Oxford 1990, ISBN 0-08-034858-0.
- Der 77. Grad, Knaur, München 2007, ISBN 978-3-426-63334-2.
- The Lure, Headline Publ. Group, London 2002, ISBN 978-0-7472-6727-0.
Kuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Minor Planet Center, Smithsonian Astrophysical Observatory, Cambridge, Mass. (1997). Minor Planet Circulars, Feb. 22. ISSN 0736-6884.
- ↑ D. J. Asher, S. V. M. Clube, W. N. Napier und D. I. Steel (1994): Coherent Catastrophism. Vistas in Astronomy, 38 (1), 1–27; zu enger populärwëssenschaftlecher Aféierung op Englesch kuckt online: Philip R. Burns, "Clube and Napier: Coherent Catastrophism. (en). Online op www.pibburns.com, gekuckt den 9. Juni 2013.