D'Big Band Memory, gekierzt BBM, ass eng lëtzebuergesch Big Band, déi den 21. Januar 1990 ënnert dem Numm Music-Band SPGL, gegrënnt gouf. D'Music-Band SPGL war d'Big Band vun der lëtzebuergescher Gendarmerie. Si ass de 14. Abrëll 2000 bei der Fusioun vu Gendarmerie a Police an d'Big Band Memory iwwergaangen. Dréier ass de Veräin Big Band Memory a.s.b.l., gegrënnt de 14. Abrëll 2000.

Déi haiteg Formatioun besteet aus follgenden Instrumenter: Saxophonen, Trompetten, Posaunen, Piano, E-Gittar, Bass, Batterie, Perkussioun.

Den Dirigent ass de Laurent Hoffmann.

Nieft speziellen Arrangementer spillt d'Big Band Memory virun allem Klassiker, déi d'Big-Band-Musek bekannt gemaach hunn, wéi James Last, Glenn Miller, Perez Prado, Lionel Hampton, Duke Ellington, Henry Mancini, Bert Kaempfert, Walter Dobschinsky, Benny Goodman, Count Basie, Cole Porter an Harry James.

Um Spaweck

änneren