İlham Əliyev

4. President vum Aserbaidschan

Den İlham Heydər oğlu Əliyev (och Ilham Aliyev oder Ilham Äliew), gebuer de 24. Dezember 1961 zu Baku, Aserbaidjanesch SSR) ass en aserbaidjanesche Politiker an zanter 2003 President vum Aserbaidjan.

İlham Əliyev
Gebuer 24. Dezember 1961
Baku
Nationalitéit Aserbaidjan
Aktivitéit Politiker
Famill
Bestuet mat Mehriban Aliyeva
Papp Heidar Alijew
Mamm Zarifa Aliyeva
Kanner Leyla Aliyeva

Den Əliyev huet zu Moskau tëscht 1977 bis 1985 Geschicht an International Relatioune studéiert. Vun 1991 bis 1994 war er Geschäftsmann zu Moskau an Istanbul.

Zanter dem Mee 1994 ass hien Éischte Vizepresident vun der Staatlecher Pëtrolsgesellschaft vun der Aserbaidjanescher Republik (SOCAR). Zanter 1995 ass e Member vum aserbaidjanesche Parlament. 1999 gouf e Stellvertriedende President an 2001 Éischte Stellvertriedende President vun der der Partei Neien Aserbaidjan.

De 4. August 2003 gouf hien zum Premierminister vum Aserbaidjan ernannt. Bei de Wale vum 15. Oktober 2003 gouf en, als Nofollger vu sengem Papp Heydər Əliyev, mat 77% vun de Stëmmen zum President vum Aserbaidjan gewielt. D'OSZE an aner NROen hunn déi Wal als "net fair a fräi" deklaréiert. Deeselwechte Walausgank an déi selwecht Kommentare gouf et och de 15. Oktober 2008 (87% vun de Stëmmen) an den 9. Oktober 2013 (iwwer 72%, nach keng offiziell Verëffentlechung).

Den İlham Əliyev ass mat der Deputéiert an UNESCO-Sonner-Ambassadrice Mehriban Arif qızı Əliyeva (* 1964 als Mehriban Arif qızı Paşayeva) bestuet. Si hunn dräi Kanner, dorënner d'Schrëftstellerin an Aktivistin Leyla Əliyeva.

D'"Organized Crime and Corruption Reporting Project" (OCCRP) huet den İlham Əliyev Enn 2012 als korruptste Mann vum Joer "ausgezeechent",[1],[2] well him nogewise gouf, wéi seng Famill sou gutt wéi an alle lukrative Branchë vum Land Undeeler iwwerholl huet, vu Banken an Telefongesellschafte bis zu Mineral- a Bauindustrie. An den diplomateschen US-Depeschen, déi duerch WikiLeaks bekannt goufen, gëtt den Əliyev mat engem "Mafia Gangsterboss" verglach. Hie gëtt vu villen Analysten als Diktator bezeechent.[1],[3],[4] D'Aliev-Duechteren hunn Offshore-Konten a -Firmen op de Brittesche Joffereninselen.[5],[6],[7]

Um Spaweck änneren

Commons: İlham Əliyev – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 OCCRP names Aliyev "Person of the Year". OCCRP. 31. Dezember 2012.
  2. Azerbaijani President Aliyev Named Corruption's 'Person Of The Year'. Radio Free Europe. 2. Januar 2013.
  3. Azerbaijani President's Daughters Tied To Fast-Rising Telecoms Firm. Radio Free Europe. 27. Juni 2011.
  4. AZERBAIJAN: President Aliyev compared unfavorably to hot-headed mobster in WikiLeaks cable. Los Angeles Times. 3. Dezember 2010.
  5. http://www.sueddeutsche.de/wirtschaft/steuerparadies-hollandes-wahlkampfmanager-investierte-in-steueroasen-1.1639789
  6. http://www.sueddeutsche.de/wirtschaft/laxe-gesetze-in-steueroasen-kriminelle-willkommen-1.1640081
  7. Offshore companies provide link between corporate mogul and Azerbaijan's president. icij.org, Center for Public Integrity