De Biblis Patera ass e Vulkan, deen zanter Millioune Joer erläscht ass. E läit am westleche Beräich vun der Tharsis-Regioun um Planéit Mars, westlech vum Pavonis Mons a südëstlech vum Olympus Mons. Hie gouf mat der héichopléisender Stereokamera (HRSC) vun der ESA-Raumsond Mars Express den 8. November 2004 mat enger Bildopléisung vun 10,8 Meter pro Bildpunkt opgeholl. En ass ongeféier 100 Kilometer breet an 170 Kilometer laang. De Vulkan ass iwwer zwéi bis dräi Kilometer méi héich wéi seng Ëmgéigend. Vulkanbierger vun dëser Gréisst sinn um Mars keng Raritéit. An der Mëtt vum Bierg läit eng 53 Kilometer grouss Caldera, mat enger Déift vu ronn véier Kilometer.

De Biblis Patera

Déi bockeleg Réng ëm de Krater si Relikter vu Lavaauswërf. Beim Biblis Patera gëtt ugeholl, datt déi ofgekillt Magmaschicht, déi de Kraterbuedem bilt, méi dacks agebrach ass, well ëmmer nees nei Lava op d'Uewerfläch koum. Terrassen, déi an der Caldera gesi goufen, weisen och op d'Abréch hin.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Biblis Tholus – Biller, Videoen oder Audiodateien