NORBI
lëtzebuergesche Veräin, dee Bibliothéiken aus dem Norde vum Land regruppéiert
NORBI ass e lëtzebuergesche Veräin, dee Bibliothéiken aus dem Norde vum Land regruppéiert. E gouf 2005 gegrënnt[1] a gëtt finanziell vum Kulturministère ënnerstëtzt.
D'Ziler vun NORBI sinn:
- d'Zesummenaarbecht tëscht de verschiddene Member-Bibliothéiken ze fërderen;
- de Lieserinnen a Lieser en interessante kulturelle Programm ronderëm d'Buch unzebidden.
Memberen
änneren- Bibliothéik Eschduerf a.s.b.l.[2]
- De Cliärrwer Kanton a.s.b.l.[2] – Tony Bourg-Bibliothéik
- Ettelbrécker Bibliothéik[3] a.s.b.l.[2]
- KultOUReilen a.s.b.l.[2] – Ourdall-Bibliothéik
Kuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Memorial C Nr. 1384 vum 18.7.2006: 66386-66389.
- ↑ 2,0 2,1 2,2 2,3 Grënnungsmember.
- ↑ D'Ettelbrécker Bibliothéik huet eréischt am Januar 2008 hir Dieren opgemach an et ass praktesch näischt um Internet doriwwer ze fannen. Gegrënnt gouf de Veräin 2005 soudatt hie konnt Grënnungsmember vum NORBI ginn. Cf. Memorial Nr. 1399 vum 20.7.2006: 67123-67126.