Bettseechesch

Bléieplanz

D'Bettseechesch (Taraxacum sect. Ruderalia) ass eng Grupp vu Planzen an der Gattung Taraxacum, bannent der Famill vun den Asteraceae. Si ginn och nach Kettestack oder Pissblumm genannt.

Bettseechesch
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Rosopsida
Uerdnung Asterales
Famill Asteraceae
Ënnerfamill Cichorioideae
Gattung Bettseechesch
Wëssenschaftlechen Numm
Taraxacum sect. Ruderalia
Jan Kirschner, Hans Øllgaard & Jan Štěpánek

Zanter ville Joerhonnerte gëtt d'Pissblumm an der Medezin agesat. Sou enthält d'Planz vill Proteinnen, Zocker, Vitaminnnen a Mineralien. Si wierkt diuretesch, laxativ, bluttrengegend a verbessert d'Verdauung. D'ganz Planz ass iessbar. Geréischtert a gemuele Wuerzele sinn e gudde Kaffisersatz. Jong Blieder passen an all Zalot.

De laténgeschen Numm Taraxacum staamt aus dem Arabeschen a weist wéi am Franséischen (pissenlit) op déi diuretesch Wierkung hin: arab. tarak <de: lassen> a šaḫḫa <de: pissen>.[1]

Fortplanzung änneren

D'Fortplanzung ass apomiktesch.

Referenzen änneren

  1. Genaust, H., 2005. Etymologisches Wörterbuch der botanischen Pflanzennamen. 3. Auflage. Hamburg, Nikol Verlagsgesellschaft, S. 630.

Illustratiounen änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Taraxacum sect. Ruderalia – Biller, Videoen oder Audiodateien