Bernard van Orley
De Bernard van Orley (och Barend van Orley, Bernaert van Orley oder Barend van Brussel), gebuer ëm 1491-1492 zu Bréissel an och do gestuerwen de 6. Januar 1541, war e nidderlännesche Moler zu der Zäit vun der Renaissance.
Zesumme mat sengem Brudder Everard huet hie säin Handwierk warscheinlech am Atelier vu sengem Papp Valentin van Orley (zirka 1466 - 1532) geléiert. D'van Orleys ("d'Ourley" oder "d'Ourle") waren en Adelsgeschlecht aus dem Herzogtum Lëtzebuerg. Tëscht 1509 a 1515 huet de Bernard an Italie gelieft, wou e sech vun der Molerei vum Raffael inspiréiere gelooss huet.
Vu 1520 bis 1527 war e Moler um Haff vun der Gouvernante Margarete vun Éisträich a vu 1532 un vun hirer Nofollgerin, der Maria von Kastilien.
1539 huet hie sech mat der Catherina Helluick bestuet. Si krute 6 Kanner, dovu goufen der véier och Moler.
Nieft der Molerei huet de Bernard van Orley och Entwërf gemaach fir Tapisserien a faarweg Fënsteren.
Wierker
änneren- Le Jugement dernier et les sept œuvres de miséricorde, Tryptichon, ëm 1520 (haut Konschtmusée vun Antwerpen)
- Portrait vum Jehan Carondelet (1543)
- Tryptique de la vertu de la Patience (Musées royaux des beaux-arts de Belgique, Bréissel)
- "Helleg Famill", (1522) (Madrid, Museo del Prado)
- En Altor mat Zeenen aus dem Liewe vun den Apostelen Thomas a Matthias (Wien, Kunsthistorisches Museum Wien),
- "Rou op der Flucht" (Liverpool, Royal Institution),
- "Jéngsterdag" (Antwerpen, Elisabeth-Hospital)
- "Venus an Amor" (Berlin, Museum).
- D'Beschneidung vum Christus (1525-1530), Holz, 112×73 cm.
Literatur
änneren- Jules Vannérus: L'origine luxembourgeoise des peintres van Orley ; in: RBPH (Revue belge de Philologie et d'Histoire), Bd. 3, 1924; Ss. 592-598.
-
Portrait vum Charles V.
-
Piéta (Triptychon vum Philippe de Haneton)
-
Portrait vun der Margarete vun Éisträich
-
Maria mat Kand a Jang dem Deefer, Prado
-
De Georg Zelle
Um Spaweck
ännerenCommons: Bernard van Orley – Biller, Videoen oder Audiodateien |