Bernard Herrmann

amerikanesche Komponist

De Bernard Herrmann, gebuer den 29. Juni 1911 zu New York City a gestuerwen de 24. Dezember 1975 zu Los Angeles, war en US-amerikaneschen Dirigent a Komponist, deen duerch seng Filmkompositioune bekannt gouf. Besonnesch seng Zesummenaarbecht mam Regisseur Alfred Hitchcock, fir deen en ë. a. d'Musek fir d'Filmklassiker wéi Psycho, North by Northwest a Vertigo komponéiert huet, huet e berüümt gemaach.

Bernard Herrmann
Bernard-Herrmann.jpg
Gebuer 29. Juni 1911
New York City
Gestuerwen 24. Dezember 1975
Los Angeles
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit USA
Educatioun New York University
Aktivitéit Komponist, Dirigent, Filmkomponist
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Aner bekannt Filmer, fir déi en d'Musek geschriwwen huet, sinn ë. a. dem Orson Welles seng Citizen Kane (1941) an The Magnificent Ambersons (1942), d'Science-Fiction-Filmer The Day the Earth Stood Still (1951) an Journey to the Center of the Earth, dem François Truffaut seng Fahrenheit 451 a La mariée était en noir oder de Psychothriller Twisted Nerve (wouvun d'Haaptthema vum Quentin Tarantino am Kill Bill - Volume 1 erëmgebraucht gouf). Seng lescht Kompositioun war fir dem Martin Scorsese säin Taxi Driver (1975).

FilmographieÄnneren

als KomponistÄnneren

als SchauspillerÄnneren

  • 1956: The Man Who Knew Too Much, vum Alfred Hitchcock

FilmdokumentatiounÄnneren

  • Music For The Movies: Bernard Herrmann. Dokumentarfilm vum Joshua Waletzky, 1992, 58 Minutten [als DVD bei Kultur Video 2007]

LiteraturÄnneren

  • Steven C. Smith: A Heart at Fire's Center. Life and Music of Bernard Herrmann. University of California Press 1991, ISBN 0-52007123-9
  • Bernard Herrmann über Filmmusik und Die Filmmusiken von Bernard Herrmann in Tony Thomas: Filmmusik. Die großen Filmkomponisten - ihre Kunst und ihre Technik (Film Score). Heyne, München 1996, ISBN 3-453-09007-1, S. 189-195
  • Olaf Kiener: Bernard Herrmann - Der schwarze Romantiker, in: Filmharmonische Blätter. Heft 6/Juni 1987, S. 28-39

Um SpawekÄnneren

Commons: Bernard Herrmann – Biller, Videoen oder Audiodateien