De Bernard Cazeneuve, gebuer den 2. Juni 1963 zu Senlis, ass e franséische Politiker vum Parti Socialiste (PS). Hie war vum 6. Dezember 2016 bis den 10. Mee 2017 franséische Premierminister ënner dem President François Hollande.

Bernard Cazeneuve
Gebuer 2. Juni 1963
Senlis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Affekot, Politiker
Partei Parti socialiste

Virdru war hie vum 2. Abrëll 2014 Inneminister an der Regierung vu sengem Virgänger Manuel Valls, an do virdru kuerz noeneen Delegéierte Minister fir Europäesch Affairen a Minister fir de Budget an der Regierung vum Jean-Marc Ayrault.

Um lokale Plang war de Bernard Cazeneuve vun 2001 bis 2012 Buergermeeschter vu Cherbourg-Octeville a vun 2008 bis 2012 President vun der Communauté urbaine de Cherbourg.

Um Spaweck änneren

Commons: Bernard Cazeneuve – Biller, Videoen oder Audiodateien