Moien Zéngtchen,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!

--Robby (Diskussioun) 15:36, 28. Feb. 2015 (UTC)Äntweren

Moien Zéngtchen,

Merci fir d'Abrénge vun denge Code-Kenntnisser an deng Beméiunge bis elo, d'Awunnerzuel vun de ltz. Gemenge méi einfach an eeheetlech op de leschte Stand ze kréien.

Déi Saach mat de Wikidata-Paramenter wier natierlech nach besser wéi eng Schabloun, well s'esou op all Wiki, déi mat Wikidata schafft, iwwerholl kënne ginn. Ech loossen Dech n ach e bësse probéieren, ier ech nach eng Kéier ufänken, an d'Artikelen änneren ze goen.

Well et eng wichteg (a potentiell, wann de Systeem bis novollzéibar ass, och op aner Lännerschablounen applizéibar) Innovatioun ass, géif ech virschloen, d'Saach (fir d'Nowelt) op der Säit Wikipedia:WikiProjet Gemengen ze beschreiwen, sou dass et do duerch Diskussioun dee leschte Schlëff kréich, ier da lassgefuer gëtt, dat anzebauen.--Zinneke (Diskussioun) 21:32, 2. Mäe. 2015 (UTC)Äntweren