TwentyEighteen
|
Moien,
Kuck der dat hei mol un --91.176.26.136 12:46, 27. Sep. 2018 (UTC)
Definitiounsännerungen
ännerenWann een en Text ännert, dee mat Referenze beluecht ass, da mécht een e graffe Feeler, well da schreift een eppes anescht an et behaapt een dat wier duerch déi Referenze beluecht. Dir kënnt gär dat Ganzt ausbauen an derbäisetze mat wat d'Elektrotechnik sech beschäftegt awer d'Definition soll sou bestoe bleiwen. --Les Meloures (Diskussioun) 09:22, 1. Okt. 2018 (UTC)
- Lo geet et duer mat deem Getriwwels. Et muss nach ee kommen a soen d'Referenze wiere schlecht a géife falsch verstane ginn. Dat si lexikalesch an enzyklopedesch Referenzen a sou Definitioune kënne guer net falsch verstane ginn. (ausser vläicht vun Iech). Dat geet engem e bësselchen iwwer d'Huttschnouer. --Les Meloures (Diskussioun) 09:31, 1. Okt. 2018 (UTC)
- De Phenomen vun der Elektrizitéit gouf fir d'éischt an engem Buch 1600 vum William Gilbert beschriwwen mat Differentia inter magnerica & electrica.
- Dat stëmmt net. Et hat schonn e Griich dat 1000 Joer virdru gemaach. --Les Meloures (Diskussioun) 08:32, 10. Okt. 2018 (UTC)
- De Phenomen vun der Elektrizitéit gouf fir d'éischt an engem Buch 1600 vum William Gilbert beschriwwen mat Differentia inter magnerica & electrica.
An wei heescht dann dat Buch ?
Dann kann een un sech och soen déi éischten Elektrotechnik war vun Thales 550 v. Christus, wéi en Bernstein geriwwen huet an domat Chargen getrennt huet an dat iergendwéi an Schrëften weider ginn huet...
- Genee dat !!! Awer u sech gehéiert déi Bemierkung och net an den Artikel Elektrotechnik mä an de Artikel Elektrizizéit. D'Geschicht vun der Elektrotechnik fängt a sech eréischt vun deem Ament un, wéi d'en elektresche Stroum (net Elektrizitéit) a groussem Ëmfank elektrotechnesch konnt ausgenotzt ginn. A fir dee Zäitpunkt ginn d'Meenungen dacks wäit auserneen. --Les Meloures (Diskussioun) 18:40, 10. Okt. 2018 (UTC)
Moien: Op dëser Säit gouf eng Fro gestallt --Les Meloures (Diskussioun) 16:04, 11. Okt. 2018 (UTC)
- Et feelen nach ëmmer d'Äntwerten --Les Meloures (Diskussioun) 07:47, 12. Okt. 2018 (UTC)
Wat ass ënner Wiesselstroummaschinn ze verstoen ??? --Les Meloures (Diskussioun) 18:14, 12. Okt. 2018 (UTC)
An villen Sproochen ass eng Maschinn en Motor. :) Ech änneren dat dann op Wiesselstroummotor ...
- Ass och besser esou, ëmmer direkt déi richteg Wierder gebrauchen da brauch net nogefrot ze ginn. Dat misst dach fir en dichtegen Techniker net ze schwéier sinn.
- Erfindung vum Dynamo, en Gläichstroummotor respektiv Generator. (Zénobe Gramme)
- Datt den Dynamo e Generator ass dat dierft bekannt sinn et ass awer doutsécher kee Motor. A sou wéi et do steet kéint ee mengen datt nëmmen en Dynamo e Generator ass.
- Et dierft dach och net ze schwéier ze sinn aktiv Sätz ze maachen. Gouf dat net an der Schoul geléiert. --Les Meloures (Diskussioun) 18:34, 12. Okt. 2018 (UTC)
- Déi éischt elektresch Beliichtung mat Metalldréit. (Louis Jacques Thénard)
- Wie seet dat? Sou wäit wéi ech wees war dee Mann Chimist. --Les Meloures (Diskussioun) 18:48, 12. Okt. 2018 (UTC)
- Déi éischt elektresch Beliichtung mat Metalldréit. (Louis Jacques Thénard)
Ech fueren muer mol bei meng Elteren, do leit nach een gudden Buch "Geschichte der Elektrizität" vum Henning Boëtius. Mais dat mam Louis Jacques Thénard steet och iergendwou um däitschen Wikipedia. Ech hunn zeguer elo erausfonnt dass de Zénobe Gramme net den Dynamo erfonnt huet...
wikipedia.de Glühlampe 1801 Louis Jacques Thénard
Bei sou Äntwerten ëmmer den Artikel uginn wou dat steet. Am Artikel Thénard steet op jiddwer Fall näischt dervun. A wéi soos du selwer virun e puer Deeg: net alles gleewe wat op der däitscher Wiki steet. --Les Meloures (Diskussioun) 19:20, 12. Okt. 2018 (UTC)
https://de.wikipedia.org/wiki/Z%C3%A9nobe_Gramme
Er führte seine „Gramme-Maschine“, einen dynamoelektrischen Motor mit kontinuierlicher Induktion, am 17. Juli 1871 vor Wissenschaftlern in Paris vor
https://en.wikipedia.org/wiki/Gramme_machine During a demonstration at an industrial exposition in Vienna in 1873, Gramme accidentally discovered that this device, if supplied with a constant-voltage power supply, will act as an electric motor.
Souwäit ech mech net iren kann en Dynamo en Motor sinn awer och een Generator deemno wéi et gebaut ass oder benotzt gëtt... Dei mécht kennen den Begrëff Dynamo awer als Fahrraddynamo, an do get en effektiv als Generator (Liichtmaschinne) genotzt... dowéinst associéieren déi meescht Dynamo mat Generator... Mhhh ganz sécher sinn ech leider net...
- Fir de Fall wou s de dat net an der Geschicht geléiert hues, et ass e Lëtzebuerger gewiescht deen d'Reversibilitéit vum Dynamo erkannt hat. Dee Mann war vun Uewerkäerjeng. --Les Meloures (Diskussioun) 19:35, 12. Okt. 2018 (UTC)
Asou, Okay, Majo dat wär jo top fir den Elektrotechnik Wikipedia-Artikel !
Biller
ännerenMoien, kans du äis mol verroden wat dat Gepiddels mat |alternativtext=|233x233px a.s.w. bei de Biller bewierke soll?? --Les Meloures (Diskussioun) 11:15, 2. Nov. 2018 (UTC)
- Ass et méiglech eng Äntwert ze kréien ??--Les Meloures (Diskussioun) 10:14, 5. Nov. 2018 (UTC)
Ech hat bei verschidden Biller probéiert dass en se alleguerten déi gläich horizontale Obléisung hunn (Also gläichen Gréisst)... Vlt. ass doduerch den Code dran komm...
- Eis Biller solle keng fix Gréisst (ausser bei raren Aussnamen) mä automatesch Gréissten hunn, déi all Benotzer a sengem Astellunge selwer astelle kann. --Les Meloures (Diskussioun) 10:45, 5. Nov. 2018 (UTC)
Okay