ThiDo73
>>> NEI CONTRIBUTIOUNEN STINN ËNNENDRËNNER <<<
|
Gudde Moien, Ech wollt déi franséisch Versioun vun Uewermaarteleng schreiwen. -> Haut-MArtelange Ech gesi se a mengem Kont, mee leider net "offiziell" ? Och krut ech d'Foto net veröffentlecht. --ThiDo73 (Diskussioun) 10:03, 19. Mäe. 2013 (UTC)
Moien,
kuckt emol d'Säit vum Bild no; et feelt eng valabel Lizenz. Merci am viraus. --Zinneke (Diskussioun) 12:23, 10. Mee 2012 (UTC)
gudden Owend,
Sorry, ech ginn einfach net méi eens, ech fannen dee "Menu" mat de Lizense fir auszewiehlen an integréieren net. Wann ech an de Lizensen um Wikipedia Site allgemeng kucken, sinn ech net sëcher wat do géing passen. Et ass esou. Ech hunn d'Bild aus den Archiven vun de Frënn vun der Lee vun Uewermaartel. Dee Fong heescht "Fonds Amis de l'Ardoise". Si sinn de Besëtzer vun den Archiven. Ech duerf dat Bild am Wikipedia Artikel afügen a si ginn et an deem Sënn och fräi soulaang d'Quell richteg zitéiert get als "Fonds Amis de l'Ardoise". Kënnt Dir mir w.e.g. hëllefen soss muss d'Bild wuehl onrettbar geläscht ginn! Merci --ThiDo73 (Diskussioun) 23:35, 10. Mee 2012
Gudden Owend, dat ass och eng quokelech mat deem Flyer do... Wann uewen net dat Bild drop wier, wier d'Saach kloer: Net genuch Schëpfungshéicht fir e Copyright, dofir Domaine public. Den Auteur vun deem Bild huet - theroretsch - awer Recht op säi Recht. Allerdéngs wësse mer näischt vun em. Also och net, ob e scho 70 Joer dout ass. Mee well et net méiglech ass, en ze bestëmmen, misste mer eis op den Alter vum Cliché selwer baséieren. Dir schreift "no 1923", mee kinnt een erausfannen, bis wéini spéitstens (at méi fréi wat besser)? Vläit wësst Dir méi driwwer, wann net giff ech et trotzdeem mat der Schabloun {{Bild-PD-Schëpfungshéicht}} probéieren, faute de mieux...--Zinneke (Diskussioun) 22:15, 10. Mee 2012 (UTC)
Gudden Owend, ech kréien d'Bild datéiert mam spéitsten Datum 1938, wou een Haus ëmgebaut gouff wat nach a senger aler Versioun um Bild ze gesinn ass. Zur Sëcherheet: Et kann net no 1941 entstan sinn well ee Gebai drop feehlt dat 1941 am Krich gebaut gouff a well zweetens dat stoohlend Gerüst wat ënnert der Bréck ze gesinn ass 1941 vu Pfeileren aus Steen ersat gouff. 1923 ass de Grënnungsdatum vun der Sociétéit mat Numm "Ardoisières de Haut-Martelange s.a.", sou kann et net vu méi fréi sinn. Ech hunn et elo mat der Lizens versicht wéi dir gesot hat, ech hoffen dat geet esou? Léif Gréiss a Merci fir d'Hëllef, --ThiDo73 (Diskussioun) 20:14, 13. Mee 2012 (UTC)