Moien Roude Leiw2001,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!

--Pecalux 16:36, 24. Feb. 2009 (UTC)Äntweren

Moien och vu mär; tipp-topp, de Geocachingsartikel! Ech hu séier eng Kéier driwwer gekuckt, mee alles an allem ass en esou wäit an der Rei.

Op eng gutt Zesummenaarbecht; ech sinn op weider Artikelen (aus deem Rayon, oder iwwer soss eppes) gespaant!

--Zinneke 16:52, 22. Feb. 2010 (UTC)Äntweren

Spueneschen Tiermchen änneren

Moien, Op denger Benotzersäit hunn ech gelies datt en Artikel "Spuenesch Tiermercher" a Virbereedung ass. Fir datt keng zwee Artikele mam selwechte Sujet entstinn, wollt ech dir matdeelen datt et den Artikel Spueneschen Tiermchen scho gëtt. Iwwregens: Bravo fir deng Artikelen zum Thema Festung!--Fliedermaus 15:54, 9. Abr. 2010 (UTC)Äntweren

Moie Fliedermaus, Merci fir däi Message - ech hat effektiv gesinn, datt et deen Artikel scho gëtt. Ech wäert déi Informatiounen déi dora stinn ergänzen, an en zweeten Artikel iwwer Échaugetten uleeën, déi gouf et jo net nëmmen zu Lëtzebuerg :-). Merci och fir d'Lorbeeren - ech hoffen, ech kann an den nächsten Deeg nach 1 oder 2 Artikelen astellen. --Roude Leiw2001 12:16, 14. Abr. 2010 (UTC)Äntweren

Interwiki Boten änneren

Kann ee mir hëllefe bei de Boten? Wéi steiert een déi? Ech wëll a mengen Artikelen Lienen op anersproocheg Wikië maachen. Merci! --Roude Leiw2001 15:56, 14. Abr. 2010 (UTC)Äntweren


Moien,

Wann et en Artikel an enger anere Wiki gëtt deen 100 % iwwer de selwechte Sujet ass, dann einfach ëener de Kategorien den Interwikilink setzen. Fir ze w¨sse wéi dat geet, kuck einfach an engem Artikel bei deem aner Sproochen ugi sinn. Wann d'Ännere-Fënster op ass, stinn ënner de Kategorien d'Interwikilinken. Et geet normalerweis duer wann een op der Lb. Wiki een esou e Link setzt, an dann an der respektiver anerer Wiki den Interwiki op den lb:Artikel mécht. D'Bote maachen normalerweis dann de Rescht.

Kuck dofir einfach emol den Artikel Spueneschen Tiermchen

Les Meloures 16:25, 14. Abr. 2010 (UTC)Äntweren


Salut,

Ass et net méiglech dëst Bild   a méi enger héijer Opléisung eropzelueden, a mat e bësselche Fräiraum datt, een e lëtzebuergeschen Text abaue kann.

Les Meloures 12:46, 15. Abr. 2010 (UTC)Äntweren

Ass gemaach. --Roude Leiw2001 09:41, 22. Abr. 2010 (UTC)Äntweren

2 Mini-Klengegkeeten änneren

Moien, et meécht Freed, ze gesinn, wéi s De Stéck fir Stéck gutt recherchéiert a geschriwwen Artikelen zu der Festung schreifs! Nëmme weider esou ;-). Just 2 Mini-Remarquën zu der Mise en Page: "<br/>" brauch een net onbedéngt ze schreiwen; et geet duer 2 Mol en Zeilesprong ze tippen (d.h. eng eidel Zeil tëscht 2 aneren ze hunn). Wier et just eng, dann ignoréiert de Systeem dat effektiv. An zu de Stroossennimm: Ausser dem Boulvard royal, iwwer deen een en Artikel kéinnt schreiwen (wéinst senger Symbolik, senger urbanistescher Entwécklung an der Kontrovers do ronderëm), hätt et amA net vill Wäert, all eenzel Strooss ze verlinken. Dofir hunn ech déi Linken ("rue des Bains, "Rue Amelie",asw.) nees erausgeholl.

Mee wéi gesot, just 2 Klengegkeeten zum bessere Verständnes, wat ech geännert hat.

Bescht Gréiss, --Zinneke 10:43, 28. Abr. 2010 (UTC)Äntweren

Salut Zinneke,

Et ass ëmmer erëm schéi vu Leit ze héieren, déi d'Artikele liesen - mir schreiwe jo net an en eidele Raum eran :-). Ech soen dir Merci fir deng Kritik; ech schloe mech effektiv nach e bësse mam Formatage op Wikipedia ronderëm, ma et geet all Kéiers e bësse besser. Wat d'Stroossennimm ugeet, sinn ech mat dir enger Meenung, datt emol méi misst iwwer markant Stroossen an der Stad (an och op anere Plaze) geschriwwe ginn. Mol kucke wat kënnt, ech sinn am Moment op alle Fall mat de Festungswierker méi wéi bedient :-/

Bescht Gréiss zréck, --Roude Leiw2001 13:58, 28. Abr. 2010 (UTC)Äntweren


Moien,

De Rham-Plateau heescht op lëtzebuergesch d'Rumm. Geséis de keng Méiglechtkeet fir deen Numm an de Lemmaen ze gebrauchen?

Les Meloures 18:29, 21. Mee 2010 (UTC)Äntweren

Salut Les Meloures,
Ech wäert dee ganzen Artikel an deem Sënn ëmänneren, datt et dann och net méi "Rham-Befestegungen", ma "Rumm-Befestegungen" heescht.
--Roude Leiw2001 15:42, 26. Mee 2010 (UTC)Äntweren

Fichier:Das Kriegs-Pulver-Magazin Jost.jpg änneren

Gudde Moien. Zur Informatioun: D'Bild Fichier:Das Kriegs-Pulver-Magazin Jost.jpg wat's du eropgelueden an elo kategoriséiert hues, gouf an der Tëschenzäit schonn zweemol "verbessert". Déi nei Versioun ass ënnert dem Numm Fichier:Das Kriegs-Pulver-Magazin Jost bearb.jpg gespäichert. --Pecalux 10:00, 25. Mee 2010 (UTC)Äntweren

Salut, Ass notéiert, merci. Hunn dat neit Bild och elo kategoriséiert. D'Iwweraarbechtung vun deem Bild kann ech da vu menger To-do Lëscht sträichen. Merci! --Roude Leiw2001 10:04, 25. Mee 2010 (UTC)Äntweren

Moien,
Ass et net méiglech d'Erlärunge bei de Fotoen op Lëtzebuergesch ze maachen? Les Meloures 13:57, 7. Sep. 2010 (UTC)Äntweren

Moien, Ech hu gesinn, datt s de Wikilinken ausgebaut hues mat der Begrënnung net relevant. Ech wollt do eng kleng Erklärung ginn:

  • Wikilinken sinn net nëmmen do well se fir deen Artikel relevant sinn. Se sinn haaptsächlech do fir einfach op eng Säit déi et gëtt hinzeweisen. Wann ee Wikilink ewechgeholl gëtt, ginn automatesch zwou Informatioune veluer:
    • 1) Am Artikel selwer d'Informatiun datt et esou eng Säit gëtt.
    • 2) Op där Säit déi verlinkt ass geet eng Informatioun verluer mat wat se verlinkt ass, d.h. z.b bei engem Datum a waterengem Artikel deemols eppes geschitt ass.

Dobäi ass d'Opfaassung vun der Relevanz net bei jidderengem déi selwecht, an duerfir soll déi aus dem Spill gelooss ginn. Fir e Konschthistoriker z.b. sinn Datummen déi a Verbindung mat Konschtwierker stinn wichteg. Fir en Eisebunnsfan, déi wéini datt eng Lokomotiv ausgemustert gouf. Well mer ee wéi den anere wëlle behandelen jugéiere mer als Mataarbechter vun der Wiki net iwwer d'Relevanz vun de Linken. Fir d'Evaluatioun vun der Déift (statistesche Wikisbegrëff) ass d'Zuel vun de Säiten déi matenaner verlinkt sinn ee vun de Grondwäerter. D'lb: Wiki läit do net op der allerbeschter Plaz.

Les Meloures 08:57, 1. Okt. 2010 (UTC)Äntweren


Moien,

welcome back!

--Zinneke 23:35, 27. Abr. 2011 (UTC)Äntweren

Salut Zinneke, merci! Ech hu lo emol erëm e bëssen Zäit, geschwënn wäerten et och erëm Artikelen iwwer d'Festung ginn!
--Roude Leiw2001 19:56, 29. Abr. 2011 (UTC)Äntweren

Fichier:Fort-Lambert-Caponnière.jpg änneren

Hi! The file comes from http://www.darkplaces.org/ and it says all rights reserved so I see no way we can keep this photo without a permission from the author. Could you have a look? --MGA73 21:12, 6. Jun. 2011 (UTC)Äntweren

  • Hello, the file is used with the permission of the author. The only thing faulty may be my choice of licence.

--188.115.21.144 04:15, 7. Jun. 2011 (UTC)Äntweren

Thank you for your reply. The license may be ok - that depends on what the author agreed to. If you still have the permission the best would be if you could forward the email communication granting permission to permissions-commons@wikimedia.org so the permission could be archived in our permission system OTRS. It would be helpfull if you could also add a link to the file in the mail because it makes it much easier for the OTRS volunteers to find the file. --MGA73 13:54, 7. Jun. 2011 (UTC)Äntweren