Awunner änneren

Awunnerzuelen vun all Siidlung am rnrpp ass lo am jeeweilegen wikidata dran.

Kann et sinn datt der e puer iwwersi goufen? Dann ass et besser et léist ee kee Bot lafen. --Les Meloures (Diskussioun) 19:55, 15. Nov. 2021 (UTC)Äntweren
Ech sinn d'Lëscht komplett ofgaang an krut just Feelermeldungen bei Duplikater. Maach sinn, datt déi net komplett ass. Waren awer och nach Feeler ma wikidata. R2lx (Diskussioun) 20:11, 15. Nov. 2021 (UTC)Äntweren
Ok ech kontrolléieren da manuell, well et sinn der e puer direkt opgefall.
PS: E si schlecht Manéieren eng Diskussioun eidel ze maachen wann se net ofgeschloss ass. Deen anere muss dann ëmmmer zrécksichen wou d'Diskussioun war, wann en nach ee Wuert derzou wëll soen. --Les Meloures (Diskussioun) 20:57, 15. Nov. 2021 (UTC)Äntweren
Kleng Informatioun zur Infobox fir Lëtzebuergesch Uertschaften,
Wann an de Wikidata d'Land net ausgefëllt ass da funktionnéiert d'Infobox net richteg. --2A02:A03F:A199:6C00:35CC:F0AA:B86:2223 22:04, 17. Nov. 2021 (UTC)Äntweren
Muss dech net ëmmer ausloggen an der eng nei IP verpassen, fir Text vu mir ze läsche René. R2lx (Diskussioun) 17:21, 21. Nov. 2021 (UTC)Äntweren
Merci fir d'Direktiven an ech si frou datt ech lo en neien Numm hunn. --2A02:A03F:A199:6C00:1C86:E26B:A767:FD3E 17:27, 21. Nov. 2021 (UTC)Äntweren

Musée Patton änneren

Moien, a Merci fir d'Uleeë vun deem Artikel!

Hätt Dir vläicht d'Méiglechkeet, selwer gemaache Fotoen dovun op Wikimedia Commons ze lueden, vu wou s'an den Artikel agebonne kéinnte ginn? Selwer gemaach dofir, well den Auteur vum Bild selwer em déi fräi Lizenz muss ginn, déi et brauch, fir do stoen ze kënnen (ass op Commons beschriwwen). Merci am viraus!

Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 15:13, 19. Nov. 2021 (UTC)Äntweren

Moien Zinneke,
Et komme frësch Fotoen derbäi. R2lx (Diskussioun) 12:41, 20. Nov. 2021 (UTC)Äntweren

Genossenschaft änneren

Kuck mol op dës Säit --Les Meloures (Diskussioun) 21:07, 22. Dez. 2021 (UTC)Äntweren

Kuck awer mol op déi Säit, do bleift en ettleches kloerzestellen. --Les Meloures (Diskussioun) 14:05, 25. Dez. 2021 (UTC)Äntweren

Dat hat ech wëlles, ech wollt just fir d'Éischt meng Fotoe verschaffen. R2lx (Diskussioun) 14:10, 25. Dez. 2021 (UTC)Äntweren
Ech verstinn datt jiddweree seng Prioritéiten huet. Mä Wikipedia huet och der och, an eng vun de wichtegsten ass, datt d'Texter déi een drasetzt ze verstoe sinn. Déi bescht Fotoen a meescht Quellen notzen näischt wann den Text schlecht liesbar ass a wann de Lieser net versteet wat gemengt ass. --Les Meloures (Diskussioun) 14:32, 25. Dez. 2021 (UTC)Äntweren

Biekerech änneren

Moien,

Wat huet dat Bild mam Wopen ze dinn? --Les Meloures (Diskussioun) 14:33, 28. Dez. 2021 (UTC)Äntweren

Moien,
Ech wollt et am Fong op Héicht vum Geschicht-Kapitel stoen hunn. R2lx (Diskussioun) 14:35, 28. Dez. 2021 (UTC)Äntweren


Moien,

et gouf eng Kéier vun der Communautéite decidéiert datt d'Monumenter vun der Ardenneoffensiv sollten eng sonner Lëscht hunn. Wann s du dat lo gär op d'Kopp geheits da solls de dat der Communautéit matdeelen a froen op jiddwereen dermat d'accord ass.-Les Meloures (Diskussioun) 08:39, 31. Dez. 2021 (UTC)Äntweren

Gudde Moien,
Ech hunn all eenzel lux Monument aus der Ardennenoffensiv-Lëscht gekuckt, bis op 2 (+2) Monumenter, waren se all an der grousser Lëscht vum Zweete Weltkrich. Wann dat exklusiv getrennt soll sinn, da muss een dat och konsequent duerchzéien, an net just bei verschidde User. Déi Ofgrenzung misst mMn dann och méi kloer an der Intro vum 2.WK stoen. R2lx (Diskussioun) 10:55, 31. Dez. 2021 (UTC)Äntweren
Moien, wann ech mech kuerz aschalten däerf: Et ginn effektiv zwou Lëschten, déi sech zu engem Deel iwwerschneiden: Déi Iwwer Monumenter vum 2. Weltkrich zu Lëtzebuerg (ënneragedeelt op eng pro Ufanksbuschtaf vun der Uertschaft, well et der soss ze vill wieren), an déi hirersäits en Ënnerdeel ass vun der Lëscht vun de Krichsmonumenter zu Lëtzebuerg. An da gëtt et eng iwwer Monumenter vun der Ardennenoffensiv, déi och där an der Belsch abegräift.
Well se net deckungsgläich sinn, mécht et Sënn, Monumenter jee nodeem an déi eng, déi aner oder allen zwou opzehuelen. E Monument am Zesummenhang mat der Ardenneschluecht dat zu Lëtzebuerg steet, gehéiert deemno an déi zwou.--Zinneke (Diskussioun) 11:12, 31. Dez. 2021 (UTC)Äntweren


Et sollt net userbezunn sinn (Aner Benotzer sinn do net sou kriddleg a maachen de Leit mol einfach Frechheeten). Ech hat just gemierkt datt der an d'Lëscht vum 2. Weltkrich gesat goufen déi am Fong an déi aner (och) gehéiert hunn. Et war mer net opgefall datt déi Trennung scho méi laang net méi existéiert huet. Ech kann och mat der Opfaasung vum Zinneke liewen an dann och eng Schabloun zwaffen als Informatioun déi an d'Monumenter vum 2. Weltkrich kënnt fir op d'Lëscht vun der Ardennenoffensiv hinzeweisen. --Les Meloures (Diskussioun) 12:04, 31. Dez. 2021 (UTC)Äntweren
Wéi eng Frechheet? R2lx (Diskussioun) 16:58, 31. Dez. 2021 (UTC)Äntweren
Déi wéinst där s de gespaart goufs. Hues de sou e schlechte Verhalt. Et ass anscheinend méi einfach anere Leit eppes z'ënnerstellen sech selwer korrekt ze behuelen. --Les Meloures (Diskussioun) 17:06, 31. Dez. 2021 (UTC)Äntweren
Ech kennen deng Geschicht, falls de dat nach net matkritt hues. A vun denge beleidegenden Ostlécker-IP(well jo souvill Lëtzebuerger Wikipedianer do wunnen) Sockpuppets net ze schwätzen. R2lx (Diskussioun) 17:08, 31. Dez. 2021 (UTC)Äntweren
Ob s du meng Geschicht kenns oder net ass keng Ursaach fir hei ënner Anonymat Frechheeten ze schreiwen. Méi feig geet et wuel net. An du kanns der guer net virstelle wéivill Lëtzebuerger ëm Léck wunnen. An doriwwer eraus huet eng IP näischt mat Sockpuppets am Sënn vun der Wikipedia ze dinn. --Les Meloures (Diskussioun) 17:51, 31. Dez. 2021 (UTC)Äntweren

Wikiiessen 2022 änneren

Léiwe Wikikolleeg,

Ech invitéieren dech e Samschden, den 29. 1. 2022 op eist Wikiiessen mat uschléissender Generalversammlung vu Wikimedia Lëtzebuerg. Weider Detailer stinn um Staminee. Ech géif mech freeën. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 14:26, 19. Jan. 2022 (UTC)Äntweren