Moie Katxis,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-) Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaacht Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!


Hello again, I'm here not to struggle, we all can be some unclear or sharp. If you need for translation of certain words ask me and I could try to help. --Wolverène (Diskussioun) 09:48, 6. Sep. 2017 (UTC)Äntweren

Katxis, I'm trying to find out why "Schabloun:Navigatioun Romanesch Sproochen" with "Navbox with collapsible groups" has errors. I hope I find how to fix it. --Soued031 (Diskussioun) 09:55, 6. Sep. 2017 (UTC)Äntweren
Schabloun:Navigatioun Geschicht vu Lëtzebuerg‎ is now fixed :) you can continue now --Soued031 (Diskussioun) 10:11, 6. Sep. 2017 (UTC)Äntweren

Moie Katxis, ech gesinn du setz nei Schablounen doruechter an. Fir onnéideg Aarbecht ze verhënneren, oder en onheetlecht Erscheinungsbild, wier et gutt, dës Aktioun, mee och d'Schabloun u sech (Format an Inhalt) um Staminee ze diskutéieren, notamment fir e Konsens ze hunn, wat néideg ass, dran ze stoen, a wat net; wéi een esou Schabloune z.B. mat Wikidata verknäppe kinnt, fir onnéideg vun Hand kopéieren ze mussen, fir dass dat méi eenheetlech mat anere Wikien ass, asw. Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 08:57, 14. Sep. 2017 (UTC)Äntweren

PS An och Schabloune mussen op akkurate Sourcë baséieren: D'Helen Santer ass ganz sécherlech net d'fra vum Jacques Santer.

Addendum

Sorry, I only see now you don't speak lb: I said that before introducing new templates, they should be discussedat the village pump and commonly agreed, i.al. to get consensus on their look, the items to cover, sources (e.g. how to connect them to Wikidata, to facilitate exchange, update and cros-wiki-harmoinisation, etc.) And btw: Inventing spouses is not the best way to start, neither. Best wishes, --Zinneke (Diskussioun) 09:04, 14. Sep. 2017 (UTC)Äntweren