Foto Reinoldikierch änneren

Salut. Mol sou eng Fro. Firwat huet déi Foto just eng Opléisung vun 600x800? Hues de sen Original reduzéiert? --Cornischong 16:08, 23 Mee 2006 (UTC)

Wann deng Adress nach stëmmt, da maach mol d'Këscht op. --Cornischong 16:24, 23 Mee 2006 (UTC)


Pläng fier dei däitsch Wiki änneren

All Respekt fiier dei Pläng. Du kennst Dech jo wierklech aus. Ech wollt froen ob ech der puer keint an verschidden Artikelen vun der däitscher Wiki abauen. Besonnesch un dem Plang vun der Spéitréimescher Zäit an vum Tëtelbierg wier ech intresséiert. Et breicht en nemmen nach eng Iwersetzung. Wanns'De grat keng Zäit hues machen ech dat och gären. Ech wollt nëmmen nofroen weinsdem Copyright. Grouss Spanish Inquisition 16:19, 15 Juni 2006 (UTC)


Ech hun den Plang iwersaat an e bessi geännert. D'Ergebinis kanns'De hei gesinn [1]. Ech fannen dass d'Beschreftung net ganz optimal war, well dei Zuelen zefill an d'Aan gestach hun. Ech fannen sie hun zevill ofgelenkt an ob Plaatzen hun se och wichteg Saachen verdeckt. Dofier hun ech dat bei der däitscher Versioun geännert. Deng Versioun ass zwar estheetesch gesinn ganz schéin, mee wéi gesot net wëssenschaftlech genuch. Dat solls'De elo net esou péjorativ obhuelen ewéi dat elo kéint klengen, ech hun do eben eng kleng "déformation professionelle". :-)

grouss an bonne chance an Dengen Examen! Spanish Inquisition 18:17, 21 Juni 2006 (UTC)

Gudde Moien. Setz nach bei der Foto derbäi wie se gemaach huet a wéi et mat der "Lizenz" ass. Soss luede mer eis Gedeesems op. Merci. --Cornischong 08:39, 16 Mäerz 2007 (UTC)

jojo, kloer... sin just net sou séier ;) --JimHawk 08:41, 16 Mäerz 2007 (UTC)

Salut. Kënns de net un déi Leit vun der HNV? Da krite mer vläicht eng Foto, déi méi wéi 480 × 360 Pixelen huet. Haut ass anscheinend all Roffbéchs mat Plastiksschierbel gutt genuch fir eppes ze maachen, dat anerer och nach Foto nennen. (D'Foto as net vun där, ech weess!). Am beschte, selwer maachen, ..... wa méiglech :-). De Kriddelschass --Cornischong 12:06, 19 Mäerz 2007 (UTC)

Moien, jo, ech ginn der recht wat d' foto ugeet, fir den ufank muss déi awer leider duergoen... ech kennen keen perséinlech, schreiwen se mol un --JimHawk 12:44, 19 Mäerz 2007 (UTC)

Salut. KLick der emol d'Websäit u vun der Bauschelter Gemeng, an da klicks de op "Commune" an da gesäiss de "eppes". --Cornischong 11:11, 21 Mäerz 2007 (UTC)

Oh freck, sou fënnd engem seng aarbecht also verbreedung ^^ merci villmols fir den hiweis --JimHawk 12:18, 21 Mäerz 2007 (UTC)

Landkaart änneren

Salut Andy, ech muss der leider matdeelen datt deng Gemengelandkaarte falsch sinn (do huet een der eppes falsches ënnergejubelt) D'Grenze stëmmen net, z.B. grenz Rëmeleng net un Diddeleng. Kuck dat w.e.g. no. Merci --SITCK 22:20, 3 Abrëll 2007 (UTC)

Dat Sexuellt an dat "Harmloost" änneren

Gudde Moien. "d'Bild duerch e méi "harmlost" ersat: homosexualitéit muss een net emmer op dat "sexuelt" reduzéieren" : Ech ka mech nëmme wonneren. Fänke mer lo schonns un, op déi do Manéier ze zenséieren? Ofgesinn dovun, datt dat neit Bild iwwerhaapt näischt ausseet (ech gesinn net, ob et eng Fra an e Mann ass oder zwou Fraen oder zwéi Männer!), Datt d'Homosexualitéit nawell zimmlech vill mat Sexualitéit ze dinn huet, geet schonns aus dem Numm selwer ervier. Et ass zuguer de Fong vun der Saach. Ech hoffenoch, datt deen Artikel mol méi e seriéise Fong kritt, déi Behaaptungsgeschichte stéiere mech (Wëssenschaftler hu geschriwwen, enger rezenter Ënfro no,,, an deeër Tricken) op alle Fall vill méi wéi e Bild, dat mat zum Thema gehéiert. Ech maache mer vill Gedanken, wat mer hei kënnen, sollen, däerfe weisen a watfir Fotoen oder Biller iwwerhaapt eppes "bréngen". Dat ass e kriddelegt Thema, dat ass wouer. An dësem Fall huet een d'Bild dragesat an et huet een et (an dat war ech) technesch an d'Rei gesat (d'Faarwe waren "niewendrun"). Ech selwer halen drop, datt mer "eis" Wiki op engem Niveau halen, dee sech no bausse vertriede léisst. Dat inkriminéiert Bild setzen ech mol nees dran. Mer kënne gären um Stamminet doriwwer diskutéieren. Wann dat Thema net soll op dat Sexuellt reduzéiert ginn, maach einfach aner Biller, déi, wann et der net zevill sinn, roueg kënnen dragesat ginn. Pak eng Hand mat un, datt deen Artikel mol op d'Féiss stoe kënnt. Mee "einfach esou" Biller "verschwanne loossen", do sinn ech zimmlech allergesch. D' Geschicht vun der Zensur feelt och nach hei, ech hoffen, datt dat mol ugekierpt gëtt, well dovu misste mer hei am Land eng gutt Anung hunn! Eis Pressegeschicht am Land huet genuch Zäiten hanneru sech, déi mat Harmlosegkeeten hantéiert hunn. --Cornischong 08:17, 14 Mee 2007 (UTC)

Resalut. Huel dat awer lo net tragesch op. Ech fille mech och net ugegraff :-)) Et ass och net esou, datt do ee Recht huet an deen aneren Onrecht. Et ass allerdéngs e ganz quokelegt Thema, a ville Hisiichten. Ech erënnere mech gutt un den Text vun der Hesperkutsch, deen een hei eragesat hat. Deen hu mer geläscht. De Verglach mat der de-Wiki ass ganz interessant; déi wësse vun elauter Biller net méi wat se sollen, däerfen oder awer léiwer net weisen. Déi trëllen no menger Meenung no vun engem Extrem an deen aneren. Mee do geet et méi em de "schlechte goût"! Eise Prënz-Albert-Piercing ass bestëmmt net no jidderengem sengem Stil an huet mer och Kappzerbrieche gamaach. Et ass natierlech schwéier d'Grenzmaarken ze setzen. Vläicht kënnt et eng Kéier am Stamminet zu enger "Diskussioun" doriwwer. An der Tëschenzäit di mer op alle Fall gutt drun de Server opzefëllen. --Cornischong 09:37, 14 Mee 2007 (UTC)

Eiweg Milonga änneren

Moien JimHawk,

merci fir Däin Ausbau um Eternal-Tangos-Artikel. Kuck wegl d'Diskussiounssäit vum Bild: Dat kann esou, wéi et ass, net stoe bleiwen, well et den Auteur net ugëtt, a mer deementspriechend keng Lizenz vun deem hunn. Du schéngs déi Grupp "besser" ze kennen: kinns de dat kläeren an d'Beschreiwungssäit an "d'Fassong" bréngen, sou, wéi et op der Eroplued-Säit steet? Merci am viraus!

--Zinneke 08:39, 13 Juli 2007 (UTC)

Merci, datt s de dech drëm këmmers. "Promotional" ass neemlech keng valabel Lizenz (déi den Auteur vun der Foto, a soss kee, ka ginn - et sief, du schreifs dohinner, hien hätt der dat iwwer Telefon gesot) a just e Virnumm ass och net terribel präzis, wat den Auteur ugeet... --Zinneke`

Lëscht vun den Ausgruewungen zu Lëtzebuerg änneren

Salut. An der Lëscht vun den Ausgruewungen zu Lëtzebuerg hunn ech Stolzebuerg bäigesat. Kanns de op der Kaart de Buergesymbol bäisetzen. Merci. --Cornischong 07:38, 26 Juli 2007 (UTC)

Salut. Op der Eternal-Tango-Braddelsäit hunn ech der e Roman geschriwwen. --Cornischong 10:17, 31 Juli 2007 (UTC)

Salut. Ech hunn e bëssen um Altor gekniwwelt. --Cornischong 15:03, 25 September 2007 (UTC)

Lizenzgedeessems änneren

'N Owend,

ech weess, 't ass eng leedlech Saach, mat deene Lizenzen, mee du hues deng eege Biller vun der Karelkierch ënner "Fair Use" gesat. "Fair use" ass e präziist juristescht Konzept no amerikaneschel Droit, ënner deem et mat villen Aschränkungen erlaabt ass, Biller vun aneren, déi am Fong ënner Copyright stinn, ze publizéieren (kuck am beschten d'en:-Wiki fir eng geschlaffen Erklärung mat allen Ënnerparagraphen). Seng eege Biller sollen awer - dat ass schliisslech Sënn an Zweck vun der Wikipedia - "fräi" sinn, d.h. vu jidderengem weidergebraucht kënne ginn (Et muss ee just den Auteur uginn, an d'Bild weider als "fräi" erkenntlech loossen). Deemno misst De deng Biller ënner GNU-DFL oder CC-Lizenz sëtzen (Op d'Säit klicken an d'Lizenz änneren - dat kann nËmmen den Auteur selwer man) ... et sief, du wëlls se dann net méi publizéieren, wat ech awer net hoffen! --Zinneke 21:19, 25 September 2007 (UTC)

Uewen ënnen änneren

Salut. Datt een dech mol erëm eng Kéier hei gesäit, soen d'Leit. Däi Schema-Bild vum Barrage ass eng Pärel. Wann nach keen der et sot, da soen ech et. Mee kuck emol déi Saach mat der Turbin; do ass den A an de B entgleist. Ech huelen un, datt s du nomëttes "do" wars. Ech war um 11 Auer do. Nacheppes: Et ass besser d'Bild vun der Turbin an dem Wandler aus dem Schema ze huelen, well se do ze kleng sinn. Op déi Manéier kënne mer d'Scema e Krack méi grouss maachen an d'Fotoe vun der Turbin an dem Wandler besser verdeelen an esou grouss maache wéi mer wëllen. Mengst de net? --Cornischong 18:02, 17. Mäe 2008 (UTC)

Images for deletion änneren

Just a note that two of your images have been nominated for deletion on the Wikimedia Commons as copyright violations at Commons:Commons:Deletion requests/Image:Ufp1.png. --Admrboltz 15:20, 7. Aug. 2008 (UTC)Äntweren

Fläschepost änneren

Moien, falls d'eng Kéier Zäit kréichs, hei laangschtzeluussen, a Loscht häss: Ech giff et intressant fannen, dëser Foto   vun 2005 eng vun haut géintiwwer ze stellen, déi vu genee där selwechter Plaz (an der selwechter Brennwäit an dem selwechten Ausschnëtt) opgeholl wier: Da kéinnt een d'Verännerungen do gutt dokumentéieren. An a 5 Joer nees eng Kéier...

Bescht Gréiss, --Zinneke 08:34, 6. Sep. 2010 (UTC)Äntweren

Moien, ma ech hat dee Gedanken och schon virun e puer Deeg, wéi ech fir d'lescht um Belval war. Hunn deen Apparat vun deemols net méi an Punkto Brennwäit wees ech och net méi, wat ech deemols hat, mee ech maache mäi bescht :)
e schéinen Dag nach, --JimHawk 09:37, 6. Sep. 2010 (UTC)Äntweren

Wat en Zoufall! Mat Brennwäit hat ech virun allem geduecht, datt d'Bild méiglescht d'selwecht opgebaut soll sinn, also vun der selwechter Plaz aus geknipst, selwechten Ausschnëtt, asw. A propos: Vum Site Belval selwer (am beschte vun der franséischer Säit aus, wou een d'Gebaier all gesäit) wier eng aktuell Foto och wëllkomm; op deenen déi et hei gëtt (e puer Joer al), si bal nëmme Schëlter a soss Elementer, déi de Vide verstoppe sollen, ze gesinn. --Z.

Help kindly requested! änneren

Dear JimHawk,

My name is Wojtek Czombik and I am an editor of Polish Wikipedia. As a participant of a "Degree Confluence Project" I would like to kindly request your help. I chose you from these users of Luxembourgish Wikipedia that are native speakers of Luxembourgish language. I would like to assure you that the matter is not-commercial in any way and that it is related both to Wikipedia and your country.

First let me make a short introduction:

There is a web project called "Degree Confluence Project" (http://www.confluence.org/). The idea is "to visit each of the latitude and longitude integer degree intersections in the world, and to take pictures at each location. The pictures, along with a narrative describing the adventures it took to get there are then posted on the web site. This creates an organized sampling of the world." (http://www.confluence.org/infodcp.php#goals). Of course, the exact points of intersections are located using GPS receivers.

I have been participating in the project since 2004 and it has brought me a lot of fun and let me visit many interesting places. So far I have visited more that 100 different "degree confluences" (that term stands for "the exact spot where an integer degree of latitude and an integer degree of longitude meet") – my visits are described at http://www.confluence.org/visitor.php?id=7411. In Polish Wikipedia I created an article about the Degree Confluence Project.

During my journey to Luxembourg in April I visited "the one and only" confluence point in your country 50N 06E (http://www.confluence.org/confluence.php?lat=50&lon=6), located near Wilwerwiltz-Enscherange and according to the project rules I have prepared a short narrative describing my way there. The narratives are usually in English, but as it was my first confluence visit in Luxembourg, I though it would be nice to provide a Luxembourgish version as well.

The narrative in the language of the host country I have already provided for my first visits in Germany, Czech Republic, the Netherlands, Italy, France, Slovakia, and Austria. Of course I don’t speak all these languages – I used to ask native speakers from those countries for the translation (some of them were editors of Wikipedia, too).

And now I have come with such a request to you :-) Would you please be so kind and translate the narrative from German or English into Luxemburgish? It is not very long – some 900 words. English, German, and Polish versions are available at http://wojtek_c.republika.pl/DCP/50N06E.htm. Of course, I can also send these texts in a file, but then I would need your e-mail address. My address is wojtek_c (at sign) op.pl, we may also communicate in Wikipedia – through the discussion page.

I am sorry for troubling you, but I don’t know personally anyone who would speak Luxemburgish. It came to my mind that a fellow-editor from Luxemburgish Wikipedia would perhaps agree to help me. I would really appreciate your help and would like to thank you very much for it in advance. But if it causes any problem - just let me know and forget about my request - it is nothing that important.

Once again - I am sorry for troubling you and thank you very much for your help. I hope you will not find my request too insolent...

Best regards,

Wojtek Czombik --Wojtek C 16:52, 30. Okt. 2010 (UTC)Äntweren

Relicense of some Fair use photos änneren

Hi! You have uploaded some files as fair use Fichier:Rar07center1.jpg, Fichier:Rar07alterna1.jpg and Fichier:Billytalent1ben1.jpg. If it is own work I see no reason to license it as fair use. Since Wikipedia is for free information it would be nice if you could add a free license. Thank you. --MGA73 11:10, 23. Jul. 2011 (UTC)Äntweren

Unused maps nominated for deletion änneren

Hi. Please see Wikipedia:Läschen#Unused_maps for a discussion of unused maps - one or more uploaded by you. --MGA73 19:17, 26. Nov. 2011 (UTC)Äntweren

änneren

Moien, Kuck emol Hei w.e.g. --Les Meloures 10:03, 2. Dez. 2011 (UTC)Äntweren

Moien,
Et stinn e puer Biller vun Iech zur Diskussioun fir geläscht ze ginn. Kënnt der dat emol nokucke w.e.gl. --Les Meloures 13:47, 10. Dez. 2011 (UTC)Äntweren
Moien,
Dat heite Bild huet och e Lizenzproblem. --Les Meloures 22:33, 13. Dez. 2011 (UTC)Äntweren

Villa Gruewelek änneren

Salut,

Kanns du emol w.e.gl. op dës Diskussiounssäit luussen. --Les Meloures (Diskussioun) 17:07, 3. Jun. 2012 (UTC)Äntweren