Ioni
- >>> NEI MESSAGË STINN ËNNENDRËNNER <<<
|
Moien och vu ménger Säit. Ärt Experimentéieren am Luxemdange-Testartikel gesäit tipptopp aus; Der kënnt et gär an den Artikel Ouljen, wou et higehéiert, kopéieren an do virufueren. Keng Angscht, anerer hëllefen an den Artikelen, falls emol eppes net riicht lafe sollt (bei "Luxemdange" ginn d'Leit éischter gewäerde gelooss, well do jo just ausprobéiert gëtt). Just e Mini-Tipp um Enn: Et ënnerschreift ee just an den Diskussiounen, net an den Artikele selwer. Am Versiounshistorique vun all Artikel (Reider riets uewen) kann ee jo nokucken, wee wat geännert, resp. bäigesat huet.
Moien,
merci fir d'Eropluede vun de Biller! Just eng Fro: sinn den User:Ioni an den L. Feller, deen als Auteur ugi gëtt, identesch (an anere Wierder: sidd Dir dat?) An deem Fall, ännert w.e.gl hei an hei, an der Zeil "Auteur" den Text esou: Auteur: User:loni (L. Feller). Da ka jiddereen novollzéien, datt d'Biller déi Der eropgelueden hutt, vun Iech selwer sinn, an se kënnen op "Commons" transferéiert ginn, wou se an anere Sproochversioue gebraucht kënne ginn.
Zéckt net, mer e Message ze hannerloossen, wann eppes net kloer ass. --Zinneke (Diskussioun) 08:55, 23. Abr. 2012 (UTC)
Biller Betzder a Banzelt
ännerenMoie Ioni,
Merci fir déi Biller! Ech hu se just nees e bësse méi kleng maache missen, well se bei méi klegen Ecranen en Deel vum Text verdecken.
Nëmme lass, wanns de nach Uertschafte geknips kriss, wou et nach kee Bild gëtt. Vläit hues de och Loscht, beim Wiki Loves Monuments Concours matzemaachen? Hei geet et drëms, méiglechst vill "klasséiert Monumenter" virun d'Lëns ze kréien an déi op Commons eropzelueden. Op der Haaptsäit ass e Link bei méi Explikatiounen. Knipse kann ee schonn elo, eroplueden am September. Vill Spaass!
--Zinneke (Diskussioun) 21:30, 17. Jul. 2012 (UTC)
Merci Zinneke,
ech sinn doran nach zimmlech gréng a frou wann en aneren et rit béit. Merci och fir den Tipp, ech weess just net, ob ech déi néideg Zäit dofir fannen.
License
ännerenHi! Please remember to add a license to the files you upload. You can see your uploads here Spezial:Billerlëscht/Ioni. --MGA73 (Diskussioun) 20:54, 25. Jul. 2012 (UTC)
- Hi MGA73, can you explain how to proceed? Do I need to upload the files a second time?
- Thanks, --Ioni (Diskussioun) 22:03, 25. Jul. 2012 (UTC)
Foto Kapenaker
ännerenMoien, hat déi Foto net richteg eropgelueden oder ass de Problem am Original? --91.177.163.251 16:25, 17. Mee 2018 (UTC)
- déi Foto ass 4608 x 3456 pixel grouss (Verhältnes 4 : 3) a gëtt beim Eroplueden an en anert Säiteverhältnes (3 : 2) gesat; ech verstinn net wéisou.
- Ech hunn déi Foto déi do war mol verbessert. Se hat vläicht e Feeler. --Les Meloures (Diskussioun) 05:36, 18. Mee 2018 (UTC)
Stroossennimm
ännerenMoien, a merci, dass de mat hëllefs, d'Lëscht komplett ze kréien. Op der Projetssäit solle just déi Nimm vu Leit stoen, déi nach keen Artikel hunn. Wa se da spéider ee kréien, kënnen déi, déi ufanks 'rout' waren, dann als 'bloer' stoe bleiwen.
Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 22:38, 9. Sep. 2024 (UTC)
- Ah, Merci, ech hat dat do falsch verstanen. Mä wéi ass et met deene Leit, déi zwar en Artikel hunn, bei deenen awer e Stroossennumm net an der offizieller Lëscht opgefouert gëtt, z.B. Place Grand-Duc Jean zu Betzder, Place Martin Blum zu Menster, Place Nicolas Ries zu Fluesweiler? Ioni (Diskussioun) 08:52, 10. Sep. 2024 (UTC)