Moie Clarino25,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-) Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaacht Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!


Viichtbaach

änneren

Moien, Ech hunn hei g'äntwert. Nach e schéine Sonnden --Les Meloures (Diskussioun) 09:47, 28. Jul. 2013 (UTC)Äntweren

Kierch Biekerech

änneren

Moien,

Steet an der Kierch zu Biekerech wierklech eng Westenfelder Uergel. Ech hunn ëmmer gemengt et wier eng Haupt-Uergel. --Les Meloures (Diskussioun) 14:42, 26. Dez. 2013 (UTC)Äntweren

Atertlinn

änneren

Moien, net wäit vun der Réimervilla steet e klengt Haische laanscht d'Bunn mat engem Panneau derbäi. Wees du duerch Zoufall wat op deem Panneau steet? --Les Meloures (Diskussioun) 19:57, 27. Sep. 2015 (UTC)Äntweren

Jo do steet tatsächlech ee Panneau. Mä do si just Informatiounen iwwert d'Haische selwer awer net iwwer d'Villa. Um Site vun der Villa selwer sti 4 däer Tafelen déi iwwert d'Réimer schwätzen, mä leider läit do e Bam driwwer deen ëmgefall ass an t'war schwiereg eng anstänneg Foto dovunn ze maachen ouni d'Blieder an d'Äscht op d'Säit ze maachen. Vum Fong hier stinn do awer méi generell Informatiounen iwwer d'Réimer hei zu Lëtzebuerg.
Wann ech dëser Deeg engkéier Zäit hu kann ech d'Fotoe vun dëse Panneauen (wat dann eben drop z'erkennen ass) auswäerten. --Clarino25 (Diskussioun) 23:41, 28. Sep. 2015 (UTC)Äntweren
Moien, ech wollt just Bescheed soen, datt et net néideg ass déi Fotoen ze maache well ech déi schonn d'lescht Joer gemaach hunn. Ech hunn och Fotoe vum Haischen dat do steet. Op de Panneaue stinn awer keng Informatiounen zum Rippweiler Site mä just allgemeng Saachen iwwer d'Liewen an d'Gëtter vun de Réimer. Eng Foto vum Haische setzen ech emol op Commons, bei de Panneaue gesinn ech keen Interêt. --MMFE (Diskussioun) 12:20, 29. Sep. 2015 (UTC)Äntweren
Genee, ech mengen och dass dat net der Wäert ass. --Clarino25 (Diskussioun) 17:01, 29. Sep. 2015 (UTC)Äntweren

Wikiiessen

änneren

Gudde Moien, Du bass en aktive Wikipedianer a mir invitéieren dech gären op eist Wikiiessen e Samschden, 2. Mäerz 2024 zu Leideleng an duerno um 15:00 op d'AG vu Wikimedia Lëtzebuerg ASBL. Et wier eng flott Geleeënheet fir eis kennen ze léieren. Weider Detailer um Staminee. Sultan Edijingo (Diskussioun) 09:22, 23. Feb. 2024 (UTC)Äntweren