Moien Awojwa,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!

--Robby (Diskussioun) 19:09, 24. Nov. 2013 (UTC)Äntweren

Categories

änneren

Hi Awojwa,

I noticed you added categories in lb:Wiki to some of your pictures. This is not necessary, as they are categorised on Commons.

It is true that some pix have a category here too, but that dates back to old times, and the tendency is have pix & cats on Cmmons (and leave only a few FU exceptions left here).

Kind regards, --Zinneke (Diskussioun) 15:14, 13. Jun. 2016 (UTC)Äntweren

Billergepills

änneren

Moien,

Wat soll dat Gespills mat de Biller? --Les Meloures (Diskussioun) 13:15, 24. Abr. 2019 (UTC)Äntweren

Ech hu mech duerch den Opruff "Jidderee kann hei matmaachen - och Dir!" ugesprach gefillt an ech wousst net datt dat net fir jidderee gëllt. Sorry. Wäert elo näischt méi maachen. --Awojwa (Diskussioun) 13:25, 24. Abr. 2019 (UTC)Äntweren
Do kënnt dir maache wéi dir wëllt. Ech hat just Är Aktioun am Artikel Näidsen (Bild dran a Bild nee eraus) net verstanen. --Les Meloures (Diskussioun) 13:35, 24. Abr. 2019 (UTC)Äntweren
PS: D'Kamerapositioun déi dir an deem Bild uginn hutt kann net stëmmen. --Les Meloures (Diskussioun) 13:41, 24. Abr. 2019 (UTC)Äntweren
Ech hunn dat nogekuckt an d'Kamerapositioun 50°2'2.373"N 6°2'31.68"E misst iewel ok sinn. A wat den Artikel Näidsen betrëfft wollt ech et sou maache wéi Dir dat beim Artikel Kéisfuert(Klierf) gemaacht hutt. Sollt ech do eppes falsch gemaach hunn sinn ech gäre bereet bäizeléieren. Schliisslech sinn ech e Greenhorn wat Wikipedia betrëfft--Awojwa (Diskussioun) 14:10, 24. Abr. 2019 (UTC)Äntweren
Ech hat e bësselche séier reagéiert mam Billergespills. Leider hu mer dees Gespills ze dacks. Ech hunn eréischt méi spéit gemierkt wat am Ganze gemaach gouf. --Les Meloures (Diskussioun) 14:34, 24. Abr. 2019 (UTC)Äntweren
Kee Problem --Awojwa (Diskussioun) 14:49, 24. Abr. 2019 (UTC)Äntweren