Benguelabunn
D'Benguelabunn (op Portugisesch: Caminho de Ferro de Benguela oder CFB) ass eng Eisebunnsstreck an Angola. Si geet vu Westen no Osten a verbënnt den Atlantikhafe vu Lobito (Provënz Benguela) mat Luau (Provënz Moxico) op der Grenz mat der Demokratescher Republik Kongo.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/9/91/Benguela_Bahn.jpg/220px-Benguela_Bahn.jpg)
De Bau vun der Benguelabunn ass 1899 vun der portugisescher Kolonialmuecht lancéiert gi fir e besseren Zougank zum Hannerland an op d'Ressourcen am deemolege Belsche Kongo (der haiteger Demokratescher Republik Kongo) ze hunn. Wärend dem angolanesche Biergerkrich (1975-2002) ass d'CFB schwéier beschiedegt ginn. Vun 2006 bis 2014 ass si vun der staatlecher chineesescher China Railway Construction Corporation nei opgebaut ginn.
Um Spaweck
ännerenCommons: Benguelabunn – Biller, Videoen oder Audiodateien |